Autosbranche am Wandel56. Autofestival: Diesel, Bensinn oder Elektro?

Pierre Weimerskirch
E Samschdeg war den Optakt vum 56. Autosfestival. Bei de Leit géif een eng gewësse Veronsécherung spieren, wat se kafe sollen.
56. Autosfestival: Diesel, Bensinn oder Elektro?
E Samschdeg war den Optakt vum 56. Autosfestival. Bei de Leit géif een eng gewësse Veronsécherung spieren, wat se kafe sollen.

Vun haut un an nach bis den 3. Februar ass déi 56. Editioun vum Autosfestival. Fir d’Autosbranche zu Lëtzebuerg e wichtege Rendez-vous. Verbrennungsmotor, Elektro oder Plugin-Hybrid, all d‘Constructeure bidden de Clientë mëttlerweil vill Alternativen un. An de Garagë war eng gewëssen Onsécherheet bei de Leit ze spieren. Zum Deel géife se net méi wëssen, wat se dann elo kafe sollen, esou de Gerant vum BMW Garage Schmitz, Bernd Fuhrmann. Wuel géif den Interessi un Elektrogefierer klammen, d‘Clientë géife sech nawell vill Froe stellen.

De Peter Recking, Marketing Manager bei Petrymobil: “an alle Gamme kommen elo wierklech interessant Modeller. Och präislech gëtt den Ecart manner tëscht klassesch Bensinn/Diesel an Elektro/Hybrid, natierlech duerch d‘Subventiounen och vum Staat.

D‘Zuel vun Elektro- an Hybridgefierer am komplette Fuerpark klemmt. Dobäi géifen dës virop als Firmenautoe verkaf ginn, well et hei besonnesch steierlech Avantagë ginn. Elo ugangs vum Joer wier scho vill Passage an de Garagë gewiescht, et hätt een net d‘Impressioun, datt an Zukunft manner Autoe verkaf ginn, ma wuel den Undeel un elektreschen an Hybrid-Gefierer weider klamme wäert.

Back to Top
CIM LOGO