D’Offer u Vëlosroutë gëtt elo fir den August temporär ausgebaut. Bei déi 1.000 km Itineraire komme 6 zousätzlech Strecken derbäi. „Vëlosummer 2020“ heescht de Projet vum Mobilitéits- a vum Tourismusministère.
Lex Delles: “Vum 1. August un sinn eng Rei strategesch wichteg Stroosse gespaart. Den Här Bausch huet mat sengen Equippe gekuckt, datt et Stroossen sinn, déi iwwer de Summer manner frequentéiert sinn. Et si Stroossen, déi wichteg sinn, fir Ubannungen ze maachen, fir datt ee kann een Tour mam Vëlo maachen. Verschidde Strecke sinn de Weekend gespaart, anerer de ganzen August.”
Fir datt déi nei Vëlos-Tier méiglech sinn, gi Stroosse gespaart, déi iwwer de Summer manner frequentéiert sinn.
Dës sinn also fir de Vëlo reservéiert, mat klengen Ausnamen, esou den Tourismusminister Lex Delles: “Anrainer, landwirtschaftlech Maschinne kënnen doduerch fueren. Déi normal Verkéiersreegelen zielen och nach op de gespaarte Strecken.”
Ënnert Anerem gëtt en Tour vu 36 km duerch den Norden proposéiert, dee vun Ëlwen an de Kiischpelt féiert.
Soss fënnt een op der Kaart eng Route duerch Mamerdall an Uelzechtdall oder nach eng Streck vu Munneref zeréck op Munneref, déi d’Cyclisten ënner anerem laanscht d’Musel féiert.
Déi verschidde Strecke si fir all Zort Vëlo accessibel. Spezifesch Beschëlderunge sinn awer net virgesinn.
Ugangs ware jo 16 Summer-Routen ugeduecht, ma eng Partie Gemengen hunn net matgespillt, ënner anerem, well jo Stroosse fir den Trafic musse gespaart ginn: “Do ginn et vill Argumenter, zum Beispill e Chantier, eng ze grouss Streck oder d’Gemengen hu keen Intérêt dra gesinn. Vill Gemengen hunn awer och Alternative proposéiert.”
Wien op d’mannst zwou Nuechten a Lëtzebuerger Hebergementer schléift a mam Vëlo vu Plaz zu Plaz fiert, kann iwwerdeems vun engem Liwwer-Zerwiss fir d’Gepäck profitéieren. „movewecarry“ heescht de Projet, bei deem och d'50-Euro-Bonge benotzt kënne ginn.
Eisen Informatiounen no hunn d’Iwwernuechtungs-Bonge Succès. Bannent den éischten zwou Woche vum Programm goufen der wéi et heescht schonn 10.000 ageléist.
All d’Detailer an eng Kaart gëtt et opvelosummer.lu