Leit aus dem Norden dierft interesséieren, dass d'SNCA vun 2020 un och an der neier Aktivitéitszon um Fridhaff ee Standbeen wäert hunn.

De Verwaltungsrot huet sech viru Kuerzem fir dëse Site decidéiert, deen op der Haaptachs am Norden fir jiddereen gutt zougänglech wier a vu Mëtt 2020 un soll operationell sinn. D'Kontrollstatioun zu Wëlwerwolz, wou den Ament och nach d'SNCA am Norden implantéiert ass, mécht bekanntlech hir Dieren zou. Dowéinst huet missen no engem Site gesicht ginn. An engem décke Joer sollen um Fridhaff elo alleguerten d'Servicer vun der SNCA, also d'Umeldungen an d'Demarchen fir de Führerschäin regroupéiert ginn. Et ass och en Übungsterrain fir d'Fahrschüler nieft dem zukünftege Gebai geplangt. Deen zu Angelduerf gëtt zougemaach.

Eisen Informatiounen no hunn déi Responsabel vun der SNCA alles an allem 5 Sitten analyséiert a Gespréicher mat de jeeweilege Gemenge gefouert. Ënnert anerem zu Housen. De Fridhaff hätt elo all d'Atoute gehat. Elo geet de Projet an d'Prozedur.

Déi nei Kontrollstatioun fir d'Éislek kënnt op Maarnech.

Hei dat offiziellt Schreiwes:

La Société nationale de circulation automobile sera présente à partir de 2020 dans la nouvelle zone d'activités économiques Fridhaff, en voie de développement dans le Nord du pays (03.10.2018)

Communiqué par: Société nationale de circulation automobile (SNCA)

Dans le cadre de l'amélioration du service aux clients, le site Fridhaff offre en effet plusieurs avantages.
Tout d'abord, il est situé sur l'axe principal routier du Nord, donc facilement accessible à tout le monde. Ensuite, il est prévu d'y regrouper tous les services autour de l'automobile fournis par la SNCA, à savoir l'immatriculation, l'agréation et les démarches relatives au permis de conduire. Les clients seront accueillis dans un cadre moderne, adapté aux besoins. Par ailleurs, un terrain de manœuvre pour les permis de conduire y sera aménagé.