
Zanter Januar 2019 lafen d’Transformatiounsaarbechte um Pont Büchler. D’Bréck, déi d’Quartiere Gare a Bouneweg matenee verbënnt, ass eng vun den Haaptverkéiersoderen ronderëm d’Gare
Iwwer déi nächst 3 Weekender gëtt d’Metallestruktur installéiert. An der Nuecht op de Freideg gouf domadder ugefaangen. 958 Tonne schwéier ass d’Bréck spéider, ënner anerem gi 7.700 Schrauwe gebraucht. Am Mee 2020 sollen d’Aarbechten op der Südsäit vun der Bréck ofgeschloss sinn. Duerno gëtt den Trafic op dës Säit geleet, fir un der Nordsäit ze schaffen. Op där Säit wäert vu September 2021 un den Tram fueren.
Donieft gëtt och déi nei N3 gebaut, déi eriwwer op den Houwald wäert feieren. Déi al N3, also d’Route de Thionville, soll verkéiersberouegend zeréckgebaut ginn. De Chantier wäert bis Ufank 2021 daueren, dono ass et dann un den Aarbechte vu Luxtram.
FOTOGALERIE - Impressiounen aus der LoftDe Käschtepunkt vum Projet läit bei 25,2 Milliounen Euro.
Am Kader vum Chantier um Pont Buchler tëscht der Gare a Bouneweg ass d’Opfaart vun der Bréck op d’Pénétrante Sud a Richtung Rondpoint Gluck vun e Sonndeg den Owend 22 Auer bis de nächsten Sonndeg, 13. Oktober 22 Auer gespaart.
RTL-NEWS: Bréck Büchler zu Bouneweg - No de Preparatiounsaarbechte huet elo den Haaptchantier ugefaangen.
RTL-NEWS: D’Aarbechten um Pont Büchler hunn ugefaangen.