E Freideg de Moie konnt Dir eis live op Radio Lëtzebuerg oder scho virdru via Repondeur, SMS, Facebook oder RTL.lu Är Meenung soen.

Vun e Samschdeg u si Bus, Zuch an Tram hei am Land gratis. Wéi kënnt déi Mesure bei de Leit un? A wäerte se domat hiert Verhalen änneren? Déi Fro hunn mir e Freideg de Moien am "Dier hutt d'Wuert gestallt".

D'Reaktioune vun den Nolauschterer ware ganz verschidden. Mol ugefaange mat enger Fra, déi d'Gratuitéit vum ëffentlechen Transport positiv bewäert.

AUDIO: Extrait 1

Ma esou positiv gesinn awer nach laang net all d'Leit de Fait, datt Bus, Zuch an Tram vun e Samschdeg u gratis sinn.

Verschiddener bezweifelen, datt doduerch méi Leit wäerten op den ëffentlechen Transport zréckgräifen.

AUDIO: Extrait 2

Fir vill Nolauschterer ass et net de Präis, dee se dovun ofgehalen huet, op den ëffentlechen Transport zréckzegräifen, mä d'Infrastrukturen.

Et gouf awer net just Kritik oder Luef un der Mesure. Et koumen och Proposen eran, wéi zum Beispill déi vun engem Autofräien Dag zu Lëtzebuerg.

Dir hutt d'Wuert - De Replay vun der ganzer Emissioun