Am RTL-Interview hu mir mam Mobilitéitsminister François Bausch iwwert d'Vëlossituatioun zu Lëtzebuerg geschwat.

De François Bausch huet sech mat sengen enke Mataarbechter de Vëloreportage genee ugekuckt a betount, hie kéint dat zum groussen Deel bestätegen: „Ech sinn genau där Meenung, dass mer vill Aarbecht virun eis hunn... Mir mussen elo de Boom, dee besteet, musse mer begleede mat enger Infrastrukturpolitik, soss riskéiere mer, Problemer an Accidenter ze kréien."

De Minister schwätzt vun enger Renaissance an nennt als Modellbeispill d'Vëlospist um Kierchbierg, déi laanscht Tram-Tracée gebaut gouf: "Sou sollen déi Vëlospisten eigentlech sinn. Haaptsächlech a groussen Agglomeratiounen ofgetrennt vun Autoen. Et dierf de Foussgänger net behënneren, méiglechst separat organiséiert."

E Modellcharakter bis haut, awer eng Seelenheet, well d'Interessie vun de verschidde Verkéiersmemberen op ville Pisten diametral openeen knuppen. Oder de Problem mat Verbuetsschëlder: „Sou Circulation-interdite-Schëlder, wou just Anrainer an Vëlosfuerer erlaabt sinn, dat ass wichteg, well do geet de Vëlosfuerer dovunner aus, dass wéineg Verkéier ass, do fillt ee sech da sécher. Wa sech da keen un déi Schëlder hält, dann ass et eng trügeresch Sécherheet, well ee sech dann awer Geforen aussetzt."

Duerfir missten op dëse Plaze verstäerkt Kontrolle gemaach an un eng Verschäerfung vun den Reglementer geduecht ginn. „Nom Foussgänger ass de Vëlosfuerer de schwaache Member am Verkéier an duerfir musse mer déi protegéieren. An duerfir ass et sou wichteg, dass Gemengen eege Konzepter entwerfen, wou mir och bereet sinn, Hëllefsstellung ze ginn, fir dass mir Zoubréngerstrecken bauen op déi iwwergräifend grouss Vëlospisten, déi de Staat baut, kräiz a queer duerch d'Land."

Mä konkret: wéi kann ee sech déi fromm politesch Versprieche virstellen? „Mir hu jo eng Rei ganz spektakulär Projeten am Süde vum Land. Déi nei Vëlosstreck vun Esch op de Belval zum Beispill. Et sinn eng Rei, déi mer an Aarbecht hunn. Wéi zum Beispill de schnelle Vëloswee op Esch, dee mer baue mam Tram op Esch. Dat ass e Projet, dee wäert am Horizont 2027 fäerdeg ginn."

An wéi ass et mat der Akzeptanz elo am August, verschidde Stroossen-Tracéë fir den Duerchgang- Autosverkéier ze spären? „Gemenge musse matmaachen, soss huet et kee Wäert. Wa Gemengen net bereet sinn, de Wee ze goen, maache mer et net."

Dat ass zum Beispill de Fall am Mëllerdall, wou d'Gemenge sech opposéieren. Dogéint géif et awer och Gemengen, déi sech fräiwëlleg gemellt hunn, matzemaachen, wéi Clierf a Wäiswampech. Och d'Gemeng Koplescht huet dem Minister geschriwwen an ënnerstëtzt seng Initiativ honnertprozenteg an net nëmme fir August.

De Minister ass sech bewosst, dass hie mat dëse Projeten net nëmme Frënn huet. Mä Mobilitéit via Vëlo wier eng kloer Zukunftsoptioun. „Dat ass jo keng Minoritéit méi, dat sinn dausende Leit, déi all Daach benotzen an déi Zuel gëtt ëmmer méi grouss."