
Déi éischt 2 Méint vum Joer goufe bal 18% manner Autoen hei am Land verkaaft wéi nach am Januar an am Februar zejoert.
Dat schreift d’Febiac, d’Federatioun vun den Automobil-Constructeuren an Importateuren hei am Land, an engem Communiqué.
Am beléiftste wiere weiderhin d’Marke VW, Mercedes a BMW an et gëtt eng kloer Tendenz zu méi Elektro-Gefierer.
Den Undeel un 100% elektreschen Autoe wier zejoert op 5,5% an d’Luucht gaangen, dee vun de Plugin-Hybriden ëm 5,9% an dee vun den HEV-Hybride souguer ëm 8,4%.
Liicht manner wéi een Drëttel vun den Nei-Immatrikulatiounen wier mëttlerweil op d’mannst deels elektresch.

© Febiac

© Febiac

© Febiac