Ettelbrécker Gare
Aalt Gebai vun der Gare gëtt zanter e Méindeg ofgerappt
Grouss Ëmbauaarbechte lafen op der Ettelbrécker Gare an do gouf e Méindeg domadder ugefaangen, dat aalt Gebai vun der Gare ofzerappen.
Am Joer 1862 war dëst Gebai ageweit ginn, et war laang probéiert ginn, déi al Gemaier an den neie Projet ze integréieren, mee well och een Tunnel do gebaut gëtt fir den Autostrafic, wier et net méiglech gewiescht, d'Gebai stoen ze loossen. Een Deel vun der Struktur kéint awer an den Eisebunnsmusée, deen zu Péiteng entstoe soll, integréiert ginn.
Ronderëm déi al Gare soll jo eng multimodal Plattform entstoe mat enger grousser Busgare, neie méi breeden a méi laangen Zuch-Quaien an engem moderne Verwaltungsgebai.
©
Domingos Oliveira
©
Domingos Oliveira
©
Domingos Oliveira
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies