Regierung confirméiert d'Verlängerung vum Tankrabatt
D'Verlängerung vum Tankrabatt zu Lëtzebuerg bis Enn August kënnt. Dat huet d'DP-Ministesch Yuriko Backes e Freideg confirméiert.
Wéi RTL virun e puer Deeg gemellt huet, sollt de sougenannten Tankrabatt zu Lëtzebuerg bis Enn August verlängert ginn. Dës Informatioun gouf e Freideg vun der Finanzministesch Yuriko Backes confirméiert.
Dës Mesure, déi wéinst där massiver Hausse vun den Energiepräisser an der Tripartite decidéiert gi war, sollt u sech Enn Juli auslafen. Hannergrond vun der Verlängerung soll sinn, dass déi equivalent Mesure an Däitschland och bis Enn August gëllt an ee sech un d'Nopeschland wëllt upassen.
Déi Gréng haten en Donneschdeg schonn annoncéiert, der Propos e Freideg am Regierungsrot zouzestëmmen, och wann d'Regierungspartei weiderhin der Meenung ass, datt den Tankrabatt vu 7,5 Cent um Liter Bensinn oder Diesel "sënnlos" wier.
E Freideg de Moie gouf d'Mesure dunn am Regierungsrot decidéiert. Si wäert de Staat fir den August eng 11,5 Milliounen Euro kaschten.
De Groupement pétrolier begréisst d'Verlängerung, bedauert awer, datt den Tankrabatt net bis Enn September geet. Sou laang gräift en nämlech an der Belsch. A Frankräich gëtt et progressiv auslafe gelooss. TotalEnergies huet sengersäits e Freideg d'Remise vun 20 respektiv 10 Cent bis Enn dës Joers annoncéiert.
Op der däitscher Grenz wieren d'Tankstellen duerch déi méi héich Bensinspräisser zu Lëtzebuerg mat Abousse vu 35 Prozent par Rapport zum Joer konfrontéiert, seet de Vizepresident vum Groupement pétrolier Paul Kaiser. Eng Verlängerung vum Tankrabatt iwwert den August eraus ass awer der Finanzministesch no "elo net virgesinn".
Via Communiqué léisst déi Gréng Partei wëssen, datt de superreduzéierte Steiertaux vun 3% fir Solarpanele mam nächste Budgetsgesetz komme soll. Do géif dann och e reduzéierten Taux vun 8% fir de Kaf vu Vëloen agefouert grad wéi Reparaturaarbechten um Vëlo oder Haushaltsapparater. Fir déi jonk Gréng, déi kategoresch géint den Tankrabatt waren, ass dat wuel ee schwaachen Trouscht.