Déi Gréng wäerten der Propos e Freideg am Regierungsrot zoustëmmen, gouf een um Bord vun hirem Bilan-Presseiessen um Donneschdeg gewuer.

21/07/2022 BAND Gréng Bilan 18h30 (Online)

Den Tankrabatt vu 7,5 Cent gëtt ëm ee Mount, bis Enn August, verlängert. Déi Gréng wäerten der Propos e Freideg am Regierungsrot zoustëmmen, gouf een um Bord vun hirem Bilan-Presseiessen um Donneschdeg gewuer. Dës Mesure, déi wéinst där massiver Hausse vun den Energiepräisser Enn Mäerz op der Tripartite decidéiert gi war, sollt u sech Enn Juli auslafen. Hannergrond vun der Decisioun, fir de Rabatt bis Enn August lafen ze loossen, wier, dass déi equivalent Mesure an Däitschland och bis Enn August gëllt an ee sech un d'Nopeschland wëllt upassen. Schonn en Dënschdeg krut RTL jo Informatiounen aus gutt informéierte Source confirméiert, déi eng Verlängerung vun der Period bis Enn August virgesinn.

Déi Gréngen bleiwen der Meenung, datt den Tankrabatt «sënnlos» oder «Kabes» wier. Déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché huet erkläert, datt den Tankrabatt, Etüden no, virun allem d’grouss Verdénger géing entlaaschten. Donieft hätt déi Mesure kee «Lenkungseffekt», well d’Hausse vun de Präisser haaptsächlech vum Marché ofhänken. D’Verlängerung vum Tankrabatt ëm ee Mount wier ee «leschte Kompromëss» an déi Gréng wëllen en Echange, datt d’Regierung méi geziilten a gerecht Mesuren ausschafft.

Zum Beispill eng Baisse vun der TVA op Photovoltaik an op der doucer Mobilitéit. Donieft soll den amortissement acceleré ganz ofgeschaaft ginn. Den Amortissement acceleré ass eng steierlech Mesure, fir den Invest an d’Locatioun ze fërderen, déi schonn d’lescht Joer reduzéiert gi war, mee dem gréngen Deputéierten Francois Benoy no, géing se d’Demande an d’Präisser nach ëmmer an d’Luucht dreiwen.

Donieft hunn déi Gréng op en neits e Spëtzesteiersaz vu 49% vun 300.000 Euro d’Joer u gefuerdert. Oder nach eng Reform vun der Grondssteier an d’Aféiere vun enger Spekulatiounssteier. Wéi vill dës géinge erbréngen, dat hänkt vun den Tauxen of, mee déi Diskussioun bleift eng ganz confidentiel. Et misst een elo mol d’Inneministesch Taina Bofferding schaffe loossen.

Zeréck bei d’Fro vun der Energie: déi Gréng fille sech bestätegt, well si zanter Joerzéngte virun der Ofhängegkeet vu fossillen Energië warnen. «Spéitstens zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain läit de Beweis vir, datt mir eis net geiert hunn als Gréng an datt mir mat eise Warnungen och net gesponnen hunn», sou d’Josée Lorsché. Der grénger Fraktiounscheffin no wieren déi Gréng och net, am Géigesaz zur ADR, enger «geféierlecher Ideologie verfall», nämlech der Atomenergie. Si kéint och net nozevollzéien, ewéi d’CSV aus dem Aktiounsbündnis géint Atomkraaft konnt austrieden.