Vun e Mëttwoch u gëllen nei Präisser op der Pompel. De 95er, 98er an Diesel ginn nees e gutt Stéck méi bëlleg.

Fir de 95er Bensinn ass et eng Baisse vu 4 Cent op 1,499 Euro de Liter. Den 98er geet ëm 3,8 Cent op 1,718  Euro de Liter erof.

Beim Diesel fält de Präis ëm 3,7 Cent op dann nach 1,623 Euro de Liter.

Beim Masutt 50ppm ass et eng Baisse vun 3,6 Cent op dann 1,063 Euro de Liter a beim 10ppm geet de Präis op 1,061 Euro (-3,6 Cent).

RTL

© RTL Grafik