Foussgänger, déi um Wee stinn oder Cyclisten, déi hir Streck sichen: An Zukunft sollen d'Vëlosweeër duerch rout Faarf besser z'erkenne sinn.

A Länner wéi Holland ass et schonn d'Norm: D'Vëlosweeër faarflech kloer vun de Stroossen an Trottoiren trennen. Elo zitt och de Grand-Duché no. Wéi de Mobilitéitsministère dem Wort confirméiert, ginn d'Vëlosweeër an Zukunft rout gefierft, fir datt se besser vun der Strooss z'ënnerscheede sinn.

"D'Iddi, eng separat Vëlosinfrastruktur, déi laanscht eng Spuer vum motoriséierte Verkéier an/oder engem separaten Trottoir verleeft, a rouder Faarf ze gestalten, ass um Ufank vum Regierungswiessel entstanen an eng Prioritéit vun der Ministesch", heescht et an engem Schreiwes vum Mobilitéitsministère un d'Wort.

Ënnert anerem wier déi rout Faarf "eng Méiglechkeet, fir dat intuitiivt Vëlosfueren ze fërderen", heescht et weider. Cycliste kéinten esou d'Vëlosweeër besser erkennen, wat och zur Verkéierssécherheet géing bäidroen. Ma och Automobilisten a Foussgänger kéinten esou op den éischte Bléck erkennen, datt et eng Vëlosspuer ass. Gläichzäiteg argumentéiert de Mobilitéitsministère, datt "eendeiteg erkennbar Vëlosinfrastrukture méi Mënschen dozou ureege" géingen, mam Vëlo ze fueren.

Beim Choix vun der Faarf hätt de Mobilitéitsministère missen zwee Krittären erfëllen: D'Faarf dierf net schonn op der Strooss fir en aneren Zweck benotzt ginn a se muss och bei manner gudder Siicht eendeiteg vun de "beigen oder hellgroen Trottoiren" oder der "groer Strooss" z'ënnerscheede sinn.

Bis ewell ginn et zu Esch an um Houwald déi eenzeg Vëlosweeër, déi kloer duerch rout Faarf getrennt sinn.