Ma Oldtimer sinn och Verbrenner, an dat géif sech nëmme mat ville Käschte verbonnen ännere loossen.
Well an der EU den Elektromotor prioriséiert gëtt, maachen och d’Proprietäre vun historeschen Autoe sech Gedanken, ob a wéi se hire Bijou an Zukunft fir eng Promenade aus der Garage huelen dierfen. Syntheetesch Kraaftstoffer – déi sougenannt E-Fuels – wären eng Léisung.
No an no kommen se an den Haff vum Uespelter Schlass gefuer. Al Englänner, Amerikaner an Däitscher. D’Länner wou déi historesch Autoen hierkommen si gemengt, net d’Chaufferen. Nach rulle se mat Sprit oder Diesel. An och wann de Verbuet vun de Verbrenner an der EU vun 2035 un jo just nei Immatrikulatioune concernéiert, beschäftegt sech och d’Lëtzebuerger Oldtimer-Federatioun mam Thema E-Fuels. Déi syntheetesch Kraaftstoffer bleiwen als Alternativ jo erlaabt. De President Dan Medinger.
“D’Leit maache sech wéinst der Technik Suergen. Mä an der Reegel ass et sou, dass en Oldtimer iwwerhaapt net muss ëmgebaut ginn. Well dee Kraaftstoff ass identesch mat deem gewéinlechen. Mat deem Virdeel, dass keen Ethanol dran ass.”
... mat deem d’Dichtungen aus enger anerer Zäit net schrecklech frou wären, esou den Dan Medinger. D’E-Fuels sinn och fir de jonken Oldtimer-Frënd Samuel Wirtz eng gutt Alternativ.
“Fir dass mir weider fuere kënnen. Ech fannen dat flott.”
Iwwer d‘Vir- an Nodeeler vu syntheetesche Kraaftstoffer par Rapport zu der Elektromobilitéit oder dem Waasserstoff léisst sech streiden. D’Lëtzebuerger Oldtimer-Federatioun, déi ëmmerhin eng 60 Clibb regroupéiert, seet sech technologie-oppen. E-Fuels wären ëmmerhin awer och klimafrëndlech, esou den Dan Medinger:
“Se gi wéi gesot gewonnen aus CO2, deen an der Loft ass oder aus der Industrie kënnt. Mat enger Elektrolyse gëtt dat a flëssege Kraaftstoff ëmgewandelt. Et gëtt keen Impakt op d’Ëmwelt. Den CO2, deen do ass, gëtt transforméiert an duerno rëm als CO2 ausgestouss. D’Rechnung ass: null vun null geet op.”
Allerdéngs geet vill Stroum drop fir syntheetesche Kraaftstoff. Stroum, mat deem vill Elektroautoe kéinten ugedriwwe ginn. Ma den Ëmbau op Elektro kënnt fir historesch Ween jo net wierklech a Fro, seet de Jim Wirtz.
“Dann hëlt een awer e bësse vun der Originn vum Auto fort. Mäi Gefill ass, dass dat net déi optimal Léisung ass.”
Nach sinn E-Fuels awer deier. Den ADAC schätzt, dass ee Liter an der Produktioun 4,50 Euro kascht. Da kéim d’CO2-Steier nach dobäi. Wat awer méi syntheetesche Kraaftstoff géif gefrot ginn, wat d’Käschte géifen erofgoen. Porsche zum Beispill, déi a Südamerika iwwer E-Fuels fuerschen, geet laangfristeg vu 1,90 Euro de Liter aus. D’Oldtimer Federatioun fuerdert d’Regierung dofir op, och op d’E-Fuels ze setzen.
Jim Krier: “Et huet jo och en ekonomeschen Aspekt. Et kann ee sech virstellen, dass do nei Industrie- oder Handwierksbetriber opkommen, déi sech mat deenen E-Fuels an der Fuerschung dovu beschäftegen hei am Land.”
Klimaaktiviste géife vläicht soen, dass een historesch Gefierer einfach ganz vun der Strooss misst huelen. D’Oldtimer-Enthusiaste wiere sech, hiert Gefier wär méi ëmweltfrëndlech, wéi en neien Auto. Ëmmerhi géife bei der Konstruktioun déi meescht CO2-Emissiounen ausgestouss ginn. De Fuerpark wär kleng, d’Autoe géifen net vill beweegt ginn. A se wäre Patrimoine.