D'ASBL Sauvons Bambi ass schonn zënter Joren aktiv an och d'Jeeër hëllefen d'Kitz virun de landwirtschaftleche Maschinnen a Sécherheet ze bréngen. Wann d'Déieren an esou eng Maschinn kommen, stierwe se op eng ganz elle Manéier. Dacks si se net direkt dout a leien duerno nach stonnelaang schwéier blesséiert do ze leiden.
Et ass net just am Intressi vum Déier, fir dat ze verhënneren, mä och am Intressi vum Bauer. Wann et net opfält, datt d'Déieren an d'Maschinn gerode sinn, gëtt dat am Fudder mat agemaach, et entsti gëfteg Gasen an dovunner kënnen och dem Bauer seng Béischte krank ginn. Dat muss awer alles guer net sinn, wann de Bauer Bescheed seet, ier hie méint. D'Applikatioun Bambimap.lu soll d'Baueren an d'Rettungsekippe matenee vernetzen.
De Jacques Schroeder vun der ASBL sauvons Bambi: "Zu Lëtzebuerg ass dat ganz einfach, well all d'Parzelle mat engem Code identifizéiert sinn. Deen Ament kréie mir déi néideg Informatiounen a gi se an de System a vun do u kann egal wéi ee Pilot an d'App goen a kucken, wéi eng Missiounen disponibel sinn a sech Missiounen attribuéieren."
De Jacques Schroeder schwätzt hei vun Dronepiloten, well et sinn Dronen, déi hëllefen déi kleng Déieren am héije Gras ze fannen.
Déi nei technesch Méiglechkeete sinn an éischter Linn fir d'Baueren an d'Jeeër geduecht, mä natierlech ka jidderee sech mellen, seet de President vu Sauvons Bambi. Dacks ass et just duerch d'Opmierksamkeet vun de Leit, datt Déiere ka gehollef ginn.
De Jacques Schroeder erënnert sech, wéi seng ASBL virun e puer Wochen driwwer informéiert gouf, datt e Réi iwwerrannt gouf, dat Mëllech an den Zitzen hat. "Deen Ament deplacéiere mir eis a sichen dann an de Felder ronderëm no deene Klengen. Dëst Joer hu mer zum Beispill zwee Klenger fonnt, déi kee méi haten."
Wann ee selwer éierens sollt Réikitz fannen - dat selwecht gëllt iwweregens och fir aner wëll Déieren - soll ee se op kee Fall upaken. Dacks ass d'Mamm just op der Sich no Fudder, mä wann déi Kleng bis vun engem Mënsch ugepaakt goufen, ass d'Gefor ganz grouss, datt si se net méi unhëlt an datt se erhéngeren. Et gi Stëmmen, déi fuerderen, datt et fir de Bauer obligatoresch gëtt, seng Felder ze mellen, ier e se méint. An den Ae vun der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen ass dat awer net realistesch:
"Den Ament hu mer guer net genuch Moyenen dofir. Mir hunn net genuch Dronepiloten. Wat awer wichteg ass, wat mer fäerdeg bruecht hunn, dat ass datt mer déi eenzel Acteuren zesumme bruecht hunn. Et schafft net méi jiddereen a sengem Eck."
D'Jeeër hunn dëst Joer schonn eng 14.000 Hektar Land iwwerflunn, bei Sauvons Bambi sinn et 5.000 bis 6.000 Hektar. Dee Chiffer géif een nach probéieren eropzesetzen, esou d'Martine Hansen, well dat laangfristegt Ziel wier, datt jidderee seng Fläche kontrolléiere léisst.