"De Parkraum soll effizient genotzt ginn!"
Dat huet de gréngen Transportminister François Bausch en Donneschdeg bei der Presentatioun vun enger neier Strategie betount.
Well d'Parkplazen a kommunaler Kompetenz sinn, huet de Ministère keng Virschrëften, mee Recommandatioune formuléiert.
PDF: Parkraumstrategie - Presentatioun
Iwwer 890.000 autoriséiert Parkplaze ginn et zu Lëtzebuerg. De Gros dovun - 67% - sinn ënnert fräiem Himmel, engersäits déi laanscht d'Stroossen, mä net nëmmen: "30% si laanscht d'Stroossen - dat ass eng Parksträif, mat där ee vu Lëtzebuerg op Stockholm, Neapel oder Madrid kéim. 37% sinn ewech vun enger Strooss, dat ass souwuel eng Parkplaz um Glacis, wéi och eng autoriséiert an ärem Virgaart. Zesumme gëtt dat eng Fläch vun 253 mol de Glacis"

Dem François Bausch no si virun allem d'Laangzäit-Parkplazen e Problem. Et géif net drëm goen, Parkplaze komplett ze eliminéieren:
Et geet drëms ze soen, komm mer maachen et besser, méi attraktiv. An da kréie mer de Stroosseraum och ganz anescht gestalt.

Wann een iwwert abordabel Wunnenge schwätzt oder de Mangel u Wunnraum misst een och iwwert d'Parkplaze schwätzen. Dem Transportminister no soll een do méi flexibel sinn am PAG a manner Parkplaze virschreiwen, respektiv de Leit de Choix loossen.
"Wann Dir just eng wëllt, kënnt der eng maachen, wann een der dräi wëll, kann en der dräi kréien. Et geet drëm, vill méi flexibel ze ginn, well et e groussen Impakt op d'Parkplazen, d'Wunnengen an och de Präis vun de Wunnenge wäert hunn."
Déi nei Parkraumstrategie mécht engersäits eng Bestandsopnam vun der aktueller Situatioun, soll de Gemengen awer och als Geschierkëscht déngen, fir Léisungen ze fannen an d'Liewensqualitéit ze verbesseren. Detailer fënnt een op dem neien Internetsite parken.lu.
Iwwerdeem war et och d'Nouvelle, dass den Helleg-Geescht-Parking Enn des Jores nees fir de Public soll opgoen.