Et huet sech eppes gedoen am Sträit tëscht der Deutsche Bahn (DB), op der enger, an der Eisenbahn- und Verkehrsgewerkschaft (EVG) op der anerer Säit.

Konkret geet et jo ëm d'Paie vu ronn 180.000 Leit, déi bei der Deutsche Bahn schaffen. Zanter en Dënschdeg verhandelen de Betrib an d'Gewerkschaft zu Fulda an dëser Saach mateneen.
D'EVG hat d'Proposen iwwert d'Upassung vun de Léin, déi d'Zuchgesellschaft bis ewell gemaach hat, refuséiert an op en Neits ënnerstrach, dass ee bereet wier, nees ze streiken.

En Donneschdeg schéngt da Beweegung an d'Spill komm ze sinn. D'Deutsche Bahn huet deemno eng Propos fir e Kollektivvertrag op den Dësch geluecht, déi virgesäit, dass déi niddereg Léin ëm 12, déi mëttels ëm 10 an déi héich ëm 8 Prozent erhéicht ginn. Déi éischt Hallschent vun den Erhéijunge soll am Dezember kommen, déi Zweet am August d'nächst Joer. Och en Inflatiounsausgläich, soll am Kollektivvertrag festgehale sinn. Dëse soll fir 24 Méint lafen.

D'EVG hat eigentlech eng Lafzäit vun nëmmen 12 Méint an eng Erhéijung vun de Paien ëm 12 Prozent gefuerdert. Trotzdeem wier déi nei Offer vun der DB besser, wéi déi viregt. Et wéilt ee sech elo bis d'nächst Woch Zäit huelen, fir d'Propos ze analyséieren an da weider verhandelen. Streike kéint ee bis dohin ausschléissen.