Trotz datt bal jiddwereen en Handy huet, ginn et laanscht de Lëtzebuerger Autobunnsreseau nach ëmmer 245 Nouttelefonen.

Déi sinn alleguer aktiv a gi fir bal 380.000 Euro op de 4G-Reseau migréiert. D'Entretienskäschte vun de knapp 250 Noutfall-Borne chiffréiere sech d'Joer op ronn 10.000 Euro.

Interessanterweis ginn d'Bornë konstant iwwer d'Jore genotzt: sou goufen et déi lescht 5 Joer eng ronn 1.100 Appellen, eleng zejoert waren et der eng 260.

D'Appelle vun den Autobunnstelefone maache ronn 1% vun allen Noutriff aus, déi beim CGDIS enregistréiert ginn - déi meescht dovunner wéinst enger Autospann, déi un de CITA weidergeleet ginn.

Dës Informatioune liwweren d'Ministere Backes a Gloden op Basis vun enger parlamentarescher Fro vum Piraten-Deputéierte Marc Goergen.