Protestpiquet virum Siège vum TICEDéi Lénk fuerdere Retour vun Nuetsbusser a manner Drock fir Personal

Marc Hoscheid
Tëscht 15 an 20 Leit haten de Wee op d'Maniff zu Esch fonnt. Déi Responsabel vum Transportsyndikat hu sech net gewisen.

Den Transportsyndikat TICE muss nei opgestallt ginn, virop wat d'Buslinnen ugeet, mee och mat Bléck op d'Gestioun vum Personal. Déi Fuerderungen hunn déi Lénk um Donneschdegowend op enger Manif virum Siège vum TICE ënnerstrach. Datt déi Aktioun eng grouss Wierkung wäert hunn, dorunner kann een allerdéngs zweiwelen.

Maniff virum TICE / Reportage Marc Hoscheid

Vläicht louch et dorunner, datt et awer zimmlech frësch dobaussen ass oder vläicht krut och net jidderee säi Bus, fir op d'Plaz ze kommen. Egal wat d'Grënn waren, um Enn hate just gutt 15 Leit de Wee op d'Maniff vun deene Lénken virum Escher TICE-Siège fonnt. Ma trotzdeem goufen déi verschidde Kritikpunkten um Fonctionnement vum interkommunalen Transportsyndikat aus dem Süde virgedroen. Esou wier zum Beispill d'Ofschafe vun den Nuetsbusser net an der Rei, bei deem Service hätt et sech nämlech ëm wéi just ee Luxus gehandelt, esou déi Escher Co-Spriecherin Léonie Guskowski.

"Et gëtt Leit, déi Nuetsschichte schaffen oder owes spéit musse schaffen, déi lo deelweis een Taxi mussen huelen. Dat bedeit eng komplizéiert Organisatioun an dat bedeit virun allem och eng ekonomesch Belaaschtung fir déi Leit, déi do mussen extra bezuelen. D'Privatiséierung vum Schoultransport, och dozou hu mir vill Message kritt, wou Leit sech beschwéieren, datt zanter d'Busser privat organiséiert ginn, Verspéidungen do sinn."

Da wier et och wichteg, datt de Verlaf vun enger Partie Linnen ugepasst géing ginn. An zwar sou, datt wichteg Infrastrukture wéi Spideeler oder Gare reegelméisseg ugefuer ginn.

Et goung awer och ëm d'Salariée vum TICE. Dacks géing drop higewise ginn, datt vill Leit aus Krankheetsgrënn feelen, grad esou wéi wa se dat express maache géingen, fir hirem Patron ze schueden. Dat huet d'Co-Parteispriecherin Carole Thoma awer zeréckgewisen.

"An ech muss scho soen, dat ass schonn ee Framing, wou een d'Gefill huet, datt dat awer och vun de Responsabelen e bëssi sou gedréint gëtt, wat mer degueulasse fannen. Well et ass net de Leit hir Schold, wann ee krasse Personalmangel besteet, wann d'Leit net méi d'Méiglechkeet hunn, fir vun hire Rouzäiten ze profitéieren, mee wa se mol eng Kéier an der Paus sinn, da rëm zeréckgeruff ginn, well ebe rëm een anere vläicht krank ginn ass. Doduerch ginn d'Leit natierlech méi gestresst, se kommen net zur Rou an doduerch ginn d'Leit natierlech och méi krank"

An deene leschte Méint hunn déi Lénk am Kader vun hirer Campagne "bring back the buses" de Bols bei den Notzer vum TICE gefillt. Eng 200 Leit hu bei där Ëmfro deelgeholl an déi Resultater wëllt een dann och net fir sech behalen, esou d'Léonie Guskowski.

"Mir sinn haut den Owend hei, fir dës Messagen un den TICE-Comité ze iwwerreechen. Well et ass elo Zäit, datt si sech dat wierklech ukucken a sech wierklech bewosst ginn, wéi schlecht d'Situatioun duerch hir Feelentscheedunge fir d'Leit gëtt."

D'Carole Thoma an de Marc Baum sinn als Membere vum Diddelenger an Escher Gemengerot an d'Comitéssëtzung gaangen, fir d'Resultater vun der Ëmfro ze iwwerreechen.

Wärend ee Grapp voll Vertrieder vum OGBL bei der Maniff present war, huet mat der FGFC, déi majoritär Gewerkschaft beim TICE, gefeelt. De President Marc Reuter sot RTL vis-à-vis, et wier een zwar mat ville Fuerderunge vun deene Lénken d'Accord, mee déi kéime vill ze spéit, well en Donneschdeg den Owend de fäerdege Budget ugeholl gouf. En plus wier een an der Conciliatioun op engem gudde Wee an déi Gespréicher wéilt een net a Gefor bréngen. Och den President vum TICE-Comité Marco Lux schwätzt iwwregens vun engem konstruktiven Austausch.

An um Freidegmëtteg kommen d'Vertrieder vum TICE a vun de Gewerkschaften um 14 Auer dann och eng weider Kéier fir Verhandlunge beieneen.

Back to Top
CIM LOGO