Héich ProduktiounskäschtenMercedes stoppt all nei Investitiounen an Däitschland

RTL mat AFP
Bei de Firmecheffe gëtt aktuell esouguer driwwer geschwat, datt Mercedes verschidde Wierker an Däitschland kéint zoumaachen.
D'Investioune vu Mercedes kéinten deemnächst an aner Länner wéi an Däitschland fléissen.
© Akim Schmit

Den Autosconstructeur Mercedes-Benz stoppt mam Bléck op déi héich Käschten an d'Verhandlunge mat de Gewerkschaften, déi net vun der Plaz kommen, all nei Investitiounen an Däitschland. De Virstand huet "decidéiert, fir all weider Investitiounen an déi däitsch Entreprisen ze stoppen", esou de Michael Schieben, deen am Verwaltungsrot fir d'Produktioun zoustänneg ass, an engem Interview, deen en Donneschdeg all de Mataarbechter zougänglech gemaach gouf an der AFP virläit.

De Schiebe an d'Directrice fir Aarbecht Britta Seeger hunn och driwwer geschwat, datt méiglecherweis verschidde Wierker an Däitschland kéinten zougemaach ginn. De CEO Ola Källenius erkläert, datt een eng Spuerpolitik wéinst den héije Käschten an Däitschland misst fueren.

D'Handelsblatt hatt d'Spuerpolitik jo opgegraff an den Schiebe hat erkläert, datt Mercedes "elo gezwonge wier, genee ze préiwen, wéi eng däitsch Wierker ee misst zoumaachen, sollte mer keng Ännerungen an der Struktur vun de Käschten erreechen. [...] Mir all wëllen ëm all Präis verhënneren, datt Wierker mussen zougemaach ginn", esou d'Seeger weider. "Dës Optioun musse mer elo awer leider méi konkret ugoen".

Aktuell lafe beim Autoshiersteller Gespréicher iwwer déi sougenannt "Produktivitéitsoffensiv" vun der Entreprise, mat där ee Käschte wëll spueren. Eng Fuerderung vu Mercedes ass, datt d'Mataarbechter bei der selwechter Pai méi Stonne pro Woch solle schaffen. De Chef vu Mercedes Ola Källenius huet d'Spuerpolitik verdeedegt. "Wierker ausserhalb vun Däitschland bidden deelweis béides: niddreg Käschten a méi Aarbeschtszäit op d'Joer gekuckt. Dat huet och en Afloss dorobber, wéi mer an Zukunft Produiten an Investitioune verdeelen", esou de Källenius géintiwwer der "Neuen Osnabrücker Zeitung".

Et gi verschidde Käschtepunkten, dorënner d'Energie, d'Logistik, d'Strukturen, d'Prozesser an d'Aarbechtskäschten. "D'Aarbechtskäschte sinn e relevanten Hiewel, deen d'Entreprisen an d'Mataarbechter zesummen direkt beaflosse kënnen", esou de Mercedes-Chef. Och gesäit hien d'Politik an der Flicht. Europa wier "als Standuert fir Investitiounen a Produktioun ze deier an ze komplex ginn".

Iwwer den Tarifsträit, dee grad an Däitschland leeft, sot d'Seeger, datt een trotz intensive Gespréicher nach net wierklech op enger Linn wier. Si an hir Kolleegen erwaarden elo awer, datt "all déi Bedeelegt hirer Verantwortung fir Mercedes-Benz gerecht ginn". Sollt ee sech net eens ginn, "musse mir haart Schrëtt goen an déi mussen och preparéiert ginn, och wa mir dat net wëllen", esou d'Cheffin fir d'Aarbecht weider. D'IG Metall, déi hirersäits fënnef Prozent méi Loun fuerdert, huet sech bis ewell nach net dozou geäussert.

Et wier elo awer de Moment fir ze handelen, och wann ee grad vill vun de Beschäftegte géif fuerderen. "Mir sinn an engem extreem usprochsvollen Ëmfeld, gepräägt vun Taxen, Präisdrock, schwaacher Nofro an intensiver Konkurrenz, besonnesch aus China". D'China-Geschäft bereet villen däitschen Autoshiersteller aktuell grouss Schwieregkeeten. Op gréissten Autosmaart vun der Welt sinn d'Leit net a Kaafstëmmung an déi däitsch E-Autoe kënne sech net géint déi däitlech méi gënschteg chineesesch Konkurrenzmodeller duerchsetzen.

Den Autosexpert Ferdinand Dudenhöffer huet erkläert, datt de Schrëtt vu Mercedes fir hien net iwwerraschend kënnt. "Mercedes huet schonn zanter Méint betount, wéi schwéier d'Situatioun an Däitschland ass." D'Gewerkschaften an d'Mataarbechter hätten "d'Annonce wierklech net eescht geholl, mä si hätte gepokert." Iwwerhaapt steet déi däitsch Autosindustrie am Standuert Däitschland "virun hirer gréisster Kris" zanter datt et se gëtt, esou den
Direktor des Center Automotive Research weider. "Ouni eng Neiausriichtung vun der Käschtestruktur an Däitschland stierft eis d'Autosindustrie an Däitschland ewech".

Back to Top
CIM LOGO