Den europäesche Rechnungshaff mat Sëtz um Kierchbierg huet en neie Rapport publizéiert, dee weist, dass d’Autoen an der EU nach ëmmer vill CO2 ausstoussen.

D’Ofgaser vun den Autoe si kaum zréckgaangen trotz méi strenge Reegelen. Den europäesche Rechnungshaff huet e Rapport publizéiert, dee weist, datt d’Autoen an der EU nach ëmmer souvill CO2 ausstousse wéi virun 12 Joer.

Den technesche Fortschrëtt hätt d'Motoren zwar méi effikass gemaach. Doduerch ginn zwar Emissiounen agespuert, mä d’Autoe si méi schwéier ginn a krute méi PS, wat dat Ganzt ophieft.

De Réckgang vum CO2-Austouss wier reng den Elektroautoen ze verdanken, heescht et am Rapport.
D’Hoffnung wier: Méi Elektroautoen!

De Rechnungshaff betount souguer, dass d'Reduzéiere vun den Zäregase beim Autofuere just dann z'erreeche wier, wann de Verbrenner seng dominant Positioun verléiert.