Weiler zum TuerWéinst 2 Schantercher fiert aktuell kee Bus zu Siren, Gemeng sicht no Léisungen

Andy Brücker
Bis de 14. September sollen d'Schantercher awer souwäit fäerdeg sinn, dass d'Busser nees fuere kënnen.
Archivfoto (Februar 2026)
Archivfoto (Februar 2026)
© RTL

Wann een zu Siren wunnt, ass een dëser Deeg vum ëffentlechen Transport ofgeschnidden. Dat huet en opmierksamen Nolauschterer eis matgedeelt. Op Nofro bei der Gemeng Weiler zum Tuer huet een eis déi Informatioun dann och bestätegt.

Et ginn aktuell zwee Schantercher, déi a Kombinatioun dofir responsabel sinn. Eemol sinn et Kanalaarbechten an der Rue Maeshiel, déi d'Rue de Hassel mat der Rue de Dalheim verbënnt. Dobäi kënnt nach e Schantje wéinst der Vëlospist zu Alzeng, Siren an Haassel.

Duerch déi zwee Schantercher kéint den Ament kee Bus duerch Siren fueren. Et géif een awer aktuell nach zesumme mam RGTR no enger Léisung sichen, huet de Chris Molitor, Ingénieur technicien vun der Gemeng Weiler zum Tuer bestätegt.

De Schantjen ass offiziell bis den 18. September virgesinn, d'Zil wier awer, fir de 14. September fäerdeg ze sinn, fir dass d'Schoulbusser nees normal fuere kënnen. Wann d'Busarrête virum 18. September nees kënnen ugefuer ginn, géif de Fuerplang vun de Busser dann och direkt ugepasst ginn. D'Gemeng géif d'Awunner dann och deementspriechend informéieren, och wann een elo fréizäiteg nach eng Iwwergangsléisung fir d'Awunner vu Siren géif fannen.

Weiler zum Tuer - Fuerplang vun de Busser

Back to Top
CIM LOGO