Et ass eng geféierlech Plo, datt et reegelméisseg a verkéiersberouegte Quartieren ëmmer nees zu Vitesse-Depassementer kënnt.

D'Police kontrolléiert och an dëse Vitesse-30-Zonen, mee éischter zeréckhalend.

Sou goufen et bannent de leschten 5 Joer just eng 140 Vitess-Kontrolle mat mobile Radaren an esou Wunnquartieren, bei deene knapp 8.750 Chaufferen dann och ze séier ënnerwee waren.

Eleng zejoert goufen knapp 4.900 Protokoller geschriwwen wéinst ze séierem Fueren an Tempo-30-Zonen - dës variéieren tëscht 49 Euro an och 145 € mam Retrait vun 2 Punkten.

Dës Chiffere liwwert de Policeminister Gloden op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierten Mars Di Bartolomeo.