Nei Streck gëtt getest
Freideg fiert den Tram déi éischte Kéier a Richtung "Stadion"
E Freideg invitéiert Luxtram op éischt Tester vum neien Tronçon "Lycée Bouneweg - Stadion".
Beim éischten Depart vum aktuellen Terminus "Lycée Bouneweg" wäerten ënnert anerem d'Transportministesch Yuriko Backes, d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an de Marc Lies, Buergermeeschter vun der Gemeng Hesper, derbäi sinn.
Mat voller Vitess wäert den Tram awer e Freideg nach net ënnerwee sinn. Mat enger Geschwindegkeet vun tëscht 3 a 5 Km/h geet et vum "Lycée Bouneweg" fort, fir sécherzestellen, datt et keng Obstakelen um neien Tronçon gëtt.
Am meeschte gelies