Fir d'Lëtzebuerger Gleis "up-to-date" ze halen, kënnt zweemol am Joer Verstäerkung aus der Schwäiz.

Déi lescht zwou Woche souz warscheinlech esou muncher een, dee laanscht Gleiser vun der Zuchlinn Stad Lëtzebuerg an Esch wunnt, kuerz poulriicht am Bett. En haart Brummen. En Zuch, deen um zwou Auer moies Fonke späizt. Eng gespenstesch Atmosphär. Wien dësen Zuch matten an der Nuecht viru senger Fënster passéiere gesäit, stellt sech, berechtegterweis, puer Froen.

Besuch aus der Schwäiz

Zanter zwou Wochen huet Lëtzebuerg Besuch vun engem Schläifzuch aus der Schwäiz. Zu Beetebuerg stationéiert, gëtt de gielen Diesel-Zuch moies fir säin nächsten Asaz preparéiert. 77 Meter laang, 2.500 PS staark – residéiert den Zuch vun der Firma Speno 8 Wochen am Joer zu Lëtzebuerg. De Rescht vun der Zäit uechter ganz Europa. Hie verbessert am Asaz kleng, fir dat mënschlecht A kaum erkennbar, Feeler am Gleis, erkläert de Kim Rohmann, vun der Cellule Specialisée Voie bei den CFL: "D'Zich ginn ëmmer méi performant. Se hu Schmier-Systemer, fir Achsen ze schmieren, fir datt de Kontakt tëscht Rad a Schinn besser ass. Mä well d'Kadenz ëmmer weider an d'Luucht geet. Et fuere méi Zich, et fuere méi Gidder-Zich. Dofir ass d'Ofnotzung vun de Gleiser impressionant."

32 Schläifsteng sinn um Schwäizer Zuch montéiert. Et gëtt ëmmer just genee esou vill ofgeschlaff ewéi onbedéngt noutwenneg. An der Moyenne sinn dat tëscht 0,3 an 0,5 Millimeter. "Mir hunn normalerweis zwou Campagnen am Joer, wou geschlaff gëtt", esou de Kim Rohmann. "Ëmmer véier Wochen. Et si virun allem Kéieren, déi zyklesch geschlaff ginn, wou mer wëssen, datt vill Ofnotzung ass. Soss ginn och Strecken am Kader vun diverse Kontrollen definéiert."

D'Erhale vum Lëtzebuerger Schinnereseau kascht Zäit an ass mat vill Aarbecht verbonnen. Éier de Schläifzuch an den Asaz kënnt, ginn all dräi Méint d'Schinne visuell kontrolléiert. All sechs Méint passéiert en Ultraschall-Zuch aus Däitschland, deen d'Gleiser op de Millimeter genee ofmoosst. De Michael Monteiro vun den CFL: "Da kënnt de Schläifzuch an d'Spill a verbessert déi Feeler, déi den Ultraschall-Zuch erausfënnt, esou datt d'Liewensdauer vun der Schinn verlängert gëtt."

300.000 Euro de Kilometer fir den Neibau vu Schinnen

D'lescht Joer hunn d'CFL 600.000 Euro fir 80 Kilometer u Schläifaarbechten iwwerwisen. Dat si 7.500 Euro de Kilometer. Missten d'Schinnen awer éischter ersat ginn, géif dat 300.000 Euro de Kilometer kaschten. An der Moyenne iwwerliewen d'Schinnen – wa se geschlaff ginn - bis zu 30 Joer. Ass dat net de Fall, dann tëscht 15 an 20.

Wat den Zuch-Passagéier dacks net matkritt, sinn d'Aarbechten, déi gréisstendeels an der Nuecht um 630 Kilometer laange Schinnen-Labyrinth geschéien. Et bleift kaum en anere Choix, esou de Michael Monteiro: "Déi Aarbechte ginn am Normalfall nuets gemaach, well mer do méi Pause kréien a mer net am regulären Zuchverkéier stéieren."

Eng Schicht geet generell vun 1 bis 5 Auer moies. Mam Resultat: Méi Sécherheet. Daagsiwwer manner Kaméidi fir de Resident a méi e rouegt Lafverhale vun den Zich. Pro Schicht packt de Schläifzuch tëscht 2 an 3 Kilometer.