Biergerinitiativ wiert sech géint Käerjenger Contournement

Den Affekot vun der Biergerinitiativ Gemeng Suessem huet e Méindeg de Moien "Recours en annulation" beim Verwaltungsgeriicht eragereecht.
De Recours vun der Biergerinitiativ BIGS berout op dräi Haaptargumenter, wéi hir Presidentin Patrizia Arendt erkläert. Well den Tracé duerch Schutzgebidder féiert, mussen et sougenannt "Raisons impératives" am ëffentlechen Interêt ginn.
"An dat waren deemools déi héich NoX-Wäerter, déi awer nodeems kontrolléiert gouf, sech als falsch erausgestallt hunn", esou d'Patrizia Arendt.
D’Miessstatiounen op der Avenue de Luxembourg hunn herno net méi esou vill Stéckoxide gemooss. Dofir wier de Projet elo anescht motivéiert, mam ville Verkéier op der Strooss. "An da muss eigentlech déi ganz Prozedur nei gemaach ginn", seet d’Patrizia Arendt. "Et misst eigentlech eng nei Impaktstudie gemaach ginn".
Ausserdeem misst gewise ginn, datt et keng Alternativen zum geplangte Projet ginn.
"An do ass den Dossier och ganz feelerhaft. Do si ganz lakonesch Saachen einfach supposéiert ginn an Hypotheese sinn opgestallt ginn, opgrond vun ale Chifferen."
D’Biergerinitiativ kritiséiert, datt Verkéiershypotheesen ni kontrolléiert gi wären, déi an de Joren 2015 bis 2016 fir d’Joer 2020 gemaach goufen. Da sollt och de Bobësch - nodeems de Contournement gebaut gëtt - Natura 2000 Schutzgebitt ginn. Déi Annonce, schaaft u sech Fakten, mengt d’Biergerinitiative: "Dann ass et eis Meenung no scho geschützt. Da kann een net soen, mir zerschneiden et elo nach an dann herno gëtt et geschützt."
Sou géif dat och d’Jurisprudenz an anere Fäll weisen. Nieft der Biergerinitiative hunn och Privatleit, déi direkt vum Projet betraff sinn, Recours beim Verwaltungsgeriicht gemaach. Den 12. Mäerz hat den Ëmweltminister Serge Wilmes en Arrêté geholl, fir de Contournement z'autoriséieren an d'Kompensatiounsmesurë festzehalen, déi wéinst dem Bau musse geholl ginn. Deemno géif de Bauprojet duerchgezu ginn, trotz der Beschiedegung an der Zerstéierung vu verschiddene Gréngzonen an der Gemeng.