No "Uber" gouf mat "Bolt" eng weider Firma ugekënnegt, déi hei zu Lëtzebuerg Aktivitéite bedreiwe wëll.

De legale Kader vun der sougenannter "Plattform-Ekonomie" (Betriber, déi iwwer digital Plattforme Servicer ubidden)  misst ugepasst ginn, fir prekär Aarbechtskonditiounen ze verhënneren, fuerdert den LCGB en Donneschdeg op en Neits.

No "Uber" gouf mat "Bolt" eng weider Firma ugekënnegt , déi hei zu Lëtzebuerg Aktivitéite bedreiwe wëllen. Dat ass eng Firma aus Estland, déi ënnert anerem Taxi- oder Liwwerservicer ubitt.

Am Géigesaz zu Uber, wou e Partenariat mat Webtaxi garantéiert, datt d’Chauffeuren eng Lizenz hunn, mécht sech den LCGB bei "Bolt" Suergen, well hei d’Chauffeuren all als Independante wäerte schaffen.

D’Regierung soll d’Aarbechtskonditiounen am Taxis-Secteur kontrolléieren, amplaz multinationale Plattformen den rouden Teppech auszerullen. Dat kritiséiert den OGBL an engem Communiqué. Manner wéi 2 Méint nodeems Uber – a Kooperatioun mat Webtaxi – an de Grand-Duché komm ass, huet sech elo och eng zweet Taxis-Plattform mam Numm “Bolt” hei am Land installéiert. Dës wiere bekannt fir hiren Sozial-Dumping an hir Kontrakter, déi sou formuléiert sinn, dass den Independant net wierklech Independant ass. Geschwat gëtt da vu “Schein-Selbstännegkeet”.

Den OGBL fuerdert d’Regierung op, fir de Gesetzprojet fir iwwer d’Reglementatioun vun Plattform-Aarbecht endlech op de legislativ Wee ze bréngen. Donieft bräicht et méi Kontrollen an deene Betriber an och nei Sanktiounen, wa sech net un d’Spillreegele gehale gëtt