Wéi d'EU-Kommissioun dës Woch matdeelt, wier ee sech beim Thema Stroftaxen op den E-Autoen net mat China eens ginn.

D‘Autoe ginn an Zukunft an Europa also méi deier. D‘Kommissioun begrënnt hir Entscheedung domadder, datt d‘Betriber a China ze vill vu staatlecher Säit gehollef kréien. Déi nei Douanestaxe solle fir eng fair Kompetitioun suergen. Mee ginn déi europäesch Autosmarken effektiv duerch dës Strofe geschützt?

Et gesäit een e lues awer sécher och zu Lëtzebuerg optauchen. Den Elektro-Auto aus China. Déi avancéiert Technologie an den abordabele Präis maachen d'Autoen ëmmer méi populär um europäesche Marché. Dat soll sech awer kuerzfristeg änneren.

Bill Russo, Beroder – Automobility LTD: "Den Haaptmessage ass, datt se wëllen, datt d‘Autoe weider an Europa an net a China gebaut ginn. Eng méi héich Tarifikatioun wëll zwou Saachen: D‘Firma beim Exportéiere vun hire Produktioune bremsen. An de Fokus op déi lokal Produktioun redirigéieren."

Jee no Mark soll d'Taxéierung ëm 38 Prozent eropgoen. Heescht, de Präis beim Kaf oder Leasing klëmmt an Zukunft. De grousse Verléierer riskéiert awer déi däitsch Automobil-Branche ze ginn.

Lei Xing, fréiere Chefredakter – China Auto Review: „Et gëtt net wierklech e Gewënner an dësem Streit. Wa mer awer driwwer schwätzen, wien am meeschten ze verléieren huet: da sinn et virun allem déi europäesch Autosmarken. Virun allem déi däitsch Premium Marken. Marken ewéi VW a BMW produzéiere verschidde Modeller a China an exportéiere se nees an Europa. Gläichzäiteg ass hiren Undeel um chineesesche Marché erofgaangen. Et deet also duebel wéi."

D‘Intentioun, den europäesche Marché ze stabiliséieren an d‘Produktioun an d‘Aarbechtsplazen ze garantéieren, och am Fall vu méiglechen zukünftege politesche Konflikter mat China wier wichteg, esou Experten.

De Schratt vun der méi héijer Taxéierung gëtt an der Automobil-Branche awer gréisstendeels kritiséiert.

Bill Russo, Beroder – Automobility LTD: „China wäert hir global Efforten ëmlenken a Richtung Süd-Ost Asien, Latäin-Amerika, Afrika oder de mëttleren Osten. Hei developpéiert sech d‘Elektromobilitéit och séier. Et gëtt ee China quasi eng Invitatioun, aner Marchéen ze fërderen. Dat mécht d‘Firmen, déi hannert enger Tarif-Mauer hänken, net méi kompetitiv. Et mécht se méi schwaach an der Kompetitioun mat China.“

Als Reaktioun dreet China mat enger extra 25%-Taxéierung op importéieren Autoe mat 2,5 Liter Verbrennermotoren. Och hei gëtt virun allem déi däitsch Automobil-Industrie viséiert.

D‘EU-Memberlänner stëmmen am Hierscht nach emol iwwer d'Decisioun vun der EU-Kommissioun of.