De Chantier um Viaduc Mënsbech op der Tréierer Autobunn huet d’Automobiliste scho vill Nerve kascht. E Méindeg goufen et 15 Kilometer Stau.

Well d’Jointe mussen ersat ginn, ass do elo bis d’Rentrée 2025 maximal Tempo 70 ugesot. Den Trafic geet aktuell nëmmen op jee enger Spuer an dat mat maximal 50 Stonnekilometer. Op Stau muss ee sech also och nach op d'mannst fir déi nächst zwou Wochen astellen, esou laang geet den Trafic nämlech just iwwer eng Spuer vun der Bréck. An och nom Congé collectif dat selwecht Spill, mee op der anerer Spuer.

No der grousser Vakanz sinn dann nees béid Spueren op bis den nächste Summer, mee eben op Tempo 70 limitéiert.

Aktuell ginn déi al Verbindungsstécker nämlech duerch provisorescher ersat, fir d’éischt op der enger, an dann op der anerer Spuer. Déi provisoresch Jointe sinn awer nëmme bis 70 km/h zougelooss. Déi al sinn no 40 Joer um Enn vun hirer Liewensdauer ukomm.

Si si bei all Gefier grousse Vibratiounen ausgesat an erlaben der Bréck, sech 30 Zentimeter no fir an no hannen ze beweegen.

Preventiv ersetzen net méiglech

Déi Stécker hätt ee scho méi laang am A gehat, erkläert de Fritz de Oliveira, Chef de Division bei de Ponts et Chaussées. Ma et kéint een net einfach preventiv neier bestellen ouni d’Bréck opzerappen, well déi millimetergenee produzéiert an adaptéiert misste ginn, an dat géing wéinst strenge Sécherheetsnormen an Tester ebe méintelaang daueren. 
 
Nuetsaarbecht keng Optioun

Den Ierger vun de Leit versteet d’Ponts et Chaussées, mee et kéint een net einfach am Congé collectif schaffen, an och Nuetsaarbecht wier hei keng Optioun.

"Dat huet e puer Grënn: Den éischte Grond ass deen, fir déi Aarbecht, déi mir elo maachen, dat ass eng minutiéis Aarbecht, do muss een eng uerdentlech Visibilitéit hunn. Zweete Grond ass d’Sécherheet vun den Aarbechter. Hei si mir op enger Autobunn, et ass ni ganz agreabel laanscht enger Autobunn ze bauen. A schlussendlech musse mir och soen, et ass net nëmmen d’Zäit, wou mir do sinn, déi wichteg ass. Et ass och d'Zäit, wou déi ganz Elementer mussen aushäerden, wou da leider keng Leit um Chantier sinn, mee déi Elementer mussen aushäerden an agebaut ginn. Och wéinst der Qualitéit an der Garantie", erkläert de Fritz de Oliveira. 
 
D’Ausschreiwung fir déi definitiv Jointe fänkt am Hierscht un. Bis d’nächst Joer September wieren d’Aarbechten dann awer sécher fäerdeg. Déi nei Stécker missten op d'mannst 25 Joer halen.