Majoritéit vun Däitsche wëll eeler Automobilisten a Fuertester schécken
Enger däitscher Etüd no ass d'Majoritéit vun de Bierger bei eisen Noperen dofir, datt eeler Automobiliste reegelméisseg Fuertester misste maachen.
Si hu sech dofir ausgeschwat, datt eeler Leit "verflichtend Feedback-Faarte" musse maachen, esou d'Resultat vun enger Forsa-Ëmfro am Optrag vum TÜV.
85 Prozent vun den 1.207 Befrote sinn der Meenung, datt d'Seniore vun engem Alter vu 75 Joer un eng Faart mat engem Expert musse maachen, deen hinnen e Feedback gëtt. 90 Prozent vun de Befrote soe vu sech selwer, datt si de Permis zu engem Ament fräiwëlleg wäerten ofginn. Déi meescht géifen dat maachen, wa si eng kierperlech Beanträchtegung hätten.
Wéinst dem demografesche Wandel hëlt d'Zuel vun eeler Leit am Stroosseverkéier ëmmer méi zou, heescht et vum TÜV. Ma wat d'Leit méi al ginn, wat och hir Reaktiounszäit erofgeet oder een net méi esou gutt gesäit. Domadder geet dem TÜV no dann och de Risiko vun Accidenter erop. Wa Seniore bei eisen Noperen an en Accident verwéckelt sinn, si si dem TÜV no an dräi vu véier Fäll den Haaptauteur vum Accident.