Problemer behuewen
Technesch Pann zu Näerzeng hat fir Verspéidunge gesuergt

Wéinst eng Stéierung zu Näerzeng war um Freideg mat Verspéidungen, respektiv Ausfäll op der Zuchlinn tëscht der Stad an Esch-Uelzecht a Rodange ze rechnen.
Op Nofro hin hunn d'CFL eis matgedeelt, dass et net zu Annulatioune koum, ma et zanter e Freideg de Moie bis ongeféier 14 Auer zu Perturbatiounen, respektiv Retarde komm ass.
D'technesch Ekippen hunn zu Näerzeng op der Héicht vun der Barriär Reparaturaarbechten duerchgefouert.
An Tëschenzäit huet sech d'Situatioun normaliséiert, Retarden oder Annulatioune sinn awer net komplett ausgeschloss.
Am meeschte gelies