Tëscht dem Haus vun der Natur an der Cité Kockelscheier ass och eng Spuer fir den Trafic gespaart. Hei sti rout Luuchten.

Ufanks war geplangt, d'Streck dëse Weekend vun e Samschdeg de Moie 6 Auer bis e Sonndeg den Owend géint 21 Auer komplett fir den Trafic ze spären. Ma well d'Aarbechten op der Kockelscheier gutt viru ginn, muss d'Strooss elo awer net ganz gespaart ginn. Den Trafic gëtt e Samschdeg 11. Januar mat roude Luuchte gereegelt.