
E Sonndeg gouf de kompletten zweete Spilldag vun der neier BGL-Ligue-Saison ausgedroen.
Am éischten Heemmatch an der héchster lëtzebuergescher Liga huet Walfer géint Nidderkuer mat 0:1 de Kierzere gezunn. No e puer Geleeënheete fir béid Ekippe sollt et den Hadji sinn, dee mat sengem 194. Gol an der BGL Ligue kuerz virun der Paus den decisive Gol mam Kapp markéiert huet. Walfer war mat vill Energie aus de Kabinne komm, mee et sollt net duergoen. Nidderkuer hat zweemol d'Decisioun um Fouss, huet dës Chancen awer leie gelooss.
Et war sech e spannenden Duell tëscht Diddeleng a Stroossen erwaart ginn, um Enn sollt et awer eng däitlech Affär fir d'Gäscht ginn. Stroossen ass mat 2:0 als Gewënner vum Terrain gaangen a füügt dem F91 déi zweet Néierlag an dëser Saison zou. D'UNA ass och neien Tabelleleader.
No der Néierlag zum Optakt géint Munneref huet de Coupegewënner Déifferdeng géint Rëmeleng déi éischt Victoire gefeiert. De Racing ka sech spéit zu Ettelbréck duerchsetzen. Zu Käerjeng an zu Rouspert hunn d'Spectateuren eppes fir Sue gebuede kritt. D'UNK huet 4:2 géint Hueschtert gewonnen a Munneref war Rouspert 3:2 iwwerleeën.
Véier Ekippen hu bis elo nach kee Punkt leie gelooss. Biissen kann nach nozéien.
Fir den zweete Spilldag komplett ze maachen, trieden um 18 Auer nach Hesper a Wolz souwéi um 19 Auer de lëtzebuergesche Rekordmeeschter Jeunesse Esch géint den amtéierende Meeschter Biissen un.
FC Résidence Walfer - Progrès Nidderkuer 0:1
0:1 Hadji (43')
F91 Diddeleng - UNA Stroossen 0:2
0:1 Perez (27'), 0:2 Touré (58')
FC Déifferdeng 03 - US Rëmeleng 2:0
1:0 Buch (59'), 2:0 Buch (61')
Victoria Rouspert - US Munneref 2:3
0:1 Estrada (6'), 1:1 Gonçalves (18'), 1:2 Far (39'), 1:3 Steinmetz (73'), 2:3 Walbrecq (78')
FC Etzella Ettelbréck - Racing FC Lëtzebuerg 0:1
0:1 Bissaka (86')
UN Käerjeng - US Hueschtert 4:2
1:0 Maison (14'), 2:0 Dieye (29'), 2:1 Fernandes (45'+4, Eelefmeter), 2:2 Fernandes (50', Eelefmeter), 3:2 Perrey (79'), 4:2 Klein (90')
Swift Hesper - FC Wolz 71 (18.00 Auer)
Jeunesse Esch - FC Atert Biissen (19.00 Auer)
Klickt op de Match, fir op de Replay an de Liveticker ze kommen.