An Däitschland ginn all Joer ronn 160.000 Autosplacken geklaut

Chiffere fir Lëtzebuerg ginn et keng. Et wier schwéier, d'Problematik ze quantifizéieren, well net onbedéngt all Fäll gemellt an detektéiert ginn.
Et géif och keng spezifesch Statistiken iwwert de Mëssbrauch mat geklauten Nummereschëlder bei der Police an der Justiz. Dat confirméieren d'Justiz- an d'Transportministesch grad wéi den Inneminister op eng parlamentaresch Fro vun der DP.
Fir sech ze schützen, réit d'Police, säin Auto wa méiglech an enger zouener Garage ze parken. Op alle Fall op enger gutt beliichter, net isoléierter Plaz. Mat der Alarmanlag un. An et sollt een och reegelméisseg kontrolléieren, ob d'Placken nach ëmmer um Auto dru sinn.
Wann ee seng Plack geklaut kritt oder verluer huet, soll een dat direkt bei der zoustänneger Société Nationale de Circulation Automobile (SNCA) maachen. D'Automobiliste sollten och vigilant bleiwen, wa se e Protokoll geschéckt kréien vun enger Plaz, wou se net mat hirem Gefier ënnerwee waren an dat dann och mellen.
Zanter enger Reform vun Enn 2023 leeft d'Plackennummer dann net méi op den Auto, mä op d'Persoun. D'Ministeren erënneren drun, datt ee seng Plack vum Auto ofmontéiere muss, wann e verkaf gëtt. Dat géif och evitéieren, datt d'Placke fir aner Zwecker mëssbraucht ginn.
Wann eng Plackennummer geklaut gouf oder et e Verdacht duerfir gëtt, bleift déi Nummer wärend 10 Joer am Numm vum initiale Proprietär reservéiert.