De Gemengesyndikat fir den TICE-Transport soll reforméiert ginn. D'Verhandlunge tëscht de Gemengen an dem Staat lafen. 

Et geet ënner anerem ëm d’Finanzéierung, ëm zousätzlech Busservicer an ëm d’Elektrifizéierung vun der Flott!
D’Reorganisatioun vum TICE-Reseau stoung e Freideg de Moien och op der Lee vum Escher Gemengerot.
Den zoustännege grénge Schäffe Meris Sehovic huet dem Conseil de leschte Stand vun de Gespréicher mam Mobiltéitsministère matgedeelt.

Zejoert wier vu staatlecher Säit eng Propos gemaach ginn, déi fir d'Stad Esch en enormen Investissement bedeit hätt. 
No laange Gespréicher wier am Januar dëst Joer nach en zweeten Zenario op den Dësch geluecht ginn.

"D'Deckelung vun der kommunaler Participatioun op den historeschen Niveau vu ronn 20 %. De Staat iwwerhëlt komplett d'Käschte vun der Elektrifizéierung vum Reseau an d'Dauer vun der Konventioun gëtt op zéng Joer verlängert."

Als Géigeleeschtung verlaangt de Staat méi Matsproocherecht an d'Grënnung vun engem Comité mixte, nom Modell vum Waassersyndikat SEBES. Mat dësem Zenario wéilt ee sech am Detail befaassen, sou de Meris Sehovic weider. 
 
Deeler vun der Oppositioun an der Escher Märei schwätzen och bei der neier Propos zum Deel vun enger Katastroph, ënner anerem de Marc Baum vun Déi Lénk. Hie stéiert sech virun allem un de kuerzfristegen Ännerungen déi vu staatlecher Säit annoncéiert goufen an déi als Konsequenz hunn, datt de Nuetsservice ewech fält. Dat wier e Réckschrëtt, sou de Marc Baum fir deen och déi vill diskutéiert schläichend Privatiséierung tatsächlech wäert Realitéit ginn. 
 
"Wa gesot gëtt Privatiséierung, da stëmmt et, datt et net de facto eng reng Privatiséierung ass am Sënn vun: d'Leit gi lo alleguer entlooss an déi musse lo ënner Privat-Statut fueren. Dat ass wuel richteg. Mee ech mengen, datt een nawell soe kann, datt et eng schläichend Privatiséierung ass, déi virprogramméiert ass. Wa virdrun de Schülertransport vun TICE -Beamte mat deem Statut, mat deem Salaire, deen domadder verbonnen ass, gemaach ginn ass. An déi gëtt an Zukunft ausgeschriwwe via RGTR, da sinn et privat Busfirmen, déi de Schülertransport an Zukunft wäerte maachen."

De grénge Schäffe Meris Sehovic verweist drop, datt den TICE selwer en ëffentleche Syndikat géing bleiwen. Historesch gesinn hätt den TICE d'Roll fir am Süde Lücken zou ze maachen an déi Servicer ze proposéieren, déi aus staatlecher Perspektiv net genuch Demande hunn an net interessant sinn.  
 
De Changement mam Nuetstransport wier tatsächlech e Réckschrëtt an hie selwer wier och net domat averstanen, sou nach de Meris Sehovic. Déi Decisioun wier am TICE-Büro och net unanime geholl gi sinn.