Auto Jumble an der Luxexpo
De Weekend iwwer ass nees de bekannten Autojumble an der Luxexpo The Box, déi gréissten Oldtimer-Expo an der Groussregioun.
Vun e Freideg u goufe ronn 150 Gefierer opgeriicht, fir Experten, Sammler, Kënschtler a Verkeefer ze begréissen.
Den Dan Medinger ass President vun der Lëtzebuerger Oldtimer-Federatioun, a seet, si wéilten all Joers eng speziell Expo organiséieren, well et wéilt een e “faarwege Potpourri”, soudass verschidden Zorte vu Gefierer ausgestallt ginn.
Net nëmmen Autoe sinn Oldtimer; dat kann och e Bus, en Trakter, e Moto, oder e Vëlo sinn. Do ass vun allem um Auto Jumble dobäi an eng grouss Varietéit u Klibb a Veräiner ass vertrueden.
D’Gefill vu Communautéit wier nämlech wichteg, esou den Tiddo Bresters, President vu FIVA, der Fédération Internationale des Véhicules Anciens. Obschonns d’Expo zu Lëtzebuerg am Verglach zu internationalen Ausstellung op der méi klenger Säit ass, wier dat awer net schlëmm, a bréngt och Virdeeler mat sech. “Weil es hier genau um die Clubs geht, und das ist für uns sehr wichtig, die Autoclubs sind die Basis unserer Bewegung, und das hat mich veranlasst, die begeisterten Leute zu sehen, und nicht nur die Leute, die hier sind, um Autos zu verkaufen”, esou den Tiddo Bresters.
De But vun der Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun ass de Patrimoine automobile, den Artisanat, an d’Passioun fir al Autoen. Zanter den 80er Joren organiséiere si den Auto Jumble; déi éischt Editioun war 1985.