Vum 30. Mäerz un dierf een zu Audun-le-Tiche nach just mat 30 Kilometer an der Stonn fueren. Dëst gefält awer net jidderengem.

Grad am Internet reege sech vill Leit iwwer dës Mesure op. Wéi de Republicain Lorrain awer schreift, war dëst souwisou keng grouss Ännerung an der Grenzgemeng, well et scho fir 85 Prozent vun de Stroossen de Fall war. "Dat war net koherent. Dofir hu mer d'Decisioun getraff, et an all de Stroossen anzeféieren", zitéiert d'Regionalzeitung d'Buergermeeschtesch Viviane Fattorelli. Si huet och annoncéiert, datt et zu Kontrolle wäert kommen. An enger éischter Phas wëll een hei awer nach op Sensibilisatioun setzen.