Zanter gutt 2 Wochen ass se op: déi 3. Spuer vun der A3. Op d'mannst den Deel tëscht der Aire de Berchem a Gaasperech.

Mee gëtt d'Spuer, déi fir de Co-Voiturage geduecht ass, effektiv benotzt? Mir maachen de Selbsttest.

Dënschdegmoie 7.30 Auer. Den Trafic op der Diddelenger Autobunn rullt – och fir d’Vakanzenzäit – lues. D'Vitess ass op 90 Stonnekilometer limitéiert. Wärend de Spëtzenzäite souguer op 70 Kilometer d'Stonn. Steet een am Stau, brauch ee vun der Aire de Berchem gutt 15 Minutte bis op Gaasperech fir da weider op d'Zildestinatioun vum Moien. Op der 3. Spuer sinn et 3 Minutten.

Et fält awer direkt op, wärend een am Stau steet: Et gëtt ee vu villen Autoen iwwerholl, an deenen net onbedéngt zwee Leit sëtzen.

Eng 90.000 Gefier sinn op der A3 den Dag ënnerwee. Kontrolléiert gëtt d'Co-Voiturage-Spuer nach net mat Radaren, allerdéngs mécht d'Police ëmmer nees Stéchprouwen.* Bis datt Radaren op der Streck installéiert ginn, kéint awer nach e Joer vergoen. An dat hunn d’Leit matkritt. Mir souzen en Dënschdeg eng 20 Minutten op enger Bréck iwwert der Stréck d'Autoen ze zielen, déi iwwert déi nei Spuer gefuer sinn. D'Resultat: vun 181 Autoen haten 58 Persoune kee Bäifuerer bei sech am Gefier sëtzen. Dat ganzt geheit eng Rëtsch Froen op a bréngt Kommentarer, virun allem online, esou och op RTL.lu.

"D'A3 ass schonn laang net méi eng Autobunn, mee un een Denkmal vum Verkéiersdelirium...jo, een nationale Mythos...eng Pilgerrees duerch d’Inkompetenz."

"Wann ech iwwer déi Autobunn muss fuehren, setzen/bastelen ech mer eng Popp op den Beifuehrersetz. Ass jo bestemmt net virgeschriwen, dass den Beifuehrer muss lieweg sin😂”

Wien aktuell awer wierklech profitéiert, sinn d’Busser. Ëmmer nees héiert ee vu Frontalieren, datt een op en Trajet vun enger bis annerhallwer Stonn, een esou mol bis zu 15 Minutten gewënnt.

De ganze Chantier, fir d’Autobunn op 2x3 Spueren auszebauen, wäert sech nach iwwert eng Rëtsch Joren zéien an zwar bis 2030. Réischt vun do u kann een dann iwwer 13 Kilometer dräispuereg ënnerwee sinn.

*An enger éischter Versioun vun dësem Artikel hate mir geschriwwen, datt d'Police nach guer keng Kontrolle maache géif, respektiv eréischt an enger 2. Phas.