Zu Dummeldeng mussen Automobilisten a Foussgänger vun e Samschdeg un en Ëmwee a Kaf huelen, wa se iwwert d'Schinne wëlle kommen.

Vun e Samschdeg, dem 7. Juni 2025 u, gëtt de Passage à niveau bei der Gare Dummeldeng (PN13) fir ëmmer zougemaach. Dës Moossnam ass Deel vun engem Sécherheets- a Mobilitéitsprojet vun de CFL, der Stad Lëtzebuerg a Ponts et Chaussées.

De Passage à niveau zielt zu den am meeschte befuerene vum Land a féiert reegelméisseg zu Perturbatiounen am Trafic. Fir d’Sécherheet ze verbesseren an de Verkéier méi fléissend ze gestalten, ginn d’Demontage-Aarbechten elo gestart. Hei gëtt dann en ënnerierdesche Passage fir Foussgänger a Vëloe gebaut. Wärend den Aarbechte sinn Deviatioune fir Automobilisten, Foussgänger a Cyclisten gezeechent.

RTL

© Domingos Oliveira (Archiv)

  • Autoe musse vun elo un iwwer d’Bréck "Rue Auguste Laval" fueren.
  • Foussgänger a Cycliste sollen de Souterrain bei der Gare benotzen.

D'CFL erënneren nach emol drun, dass et streng verbueden ass, iwwert d'Gleiser ze goen, fir op de Quai op der anerer Säit ze kommen.

Dës Moossnam ass Deel vun engem méi groussen Effort, fir geféierlech Kräizunge vu Strooss a Schinn ze eliminéieren. Am Duerchschnëtt ginn all Joer een oder zwee Passage à niveau ofgeschaaft.