Dësen neie Parking mam Numm "Joseph Bech" ass direkt bei der Gare vun der SNCF zu Diddenuewen a soll e besseren Zougang zum Zuchtrafic fir d'Leit bidden.

Wéi et am Communiqué heescht, géif dëst Parkhaus un der franséisch-lëtzebuergescher Grenz e weidere Schratt a Richtung verbessert Zesummenaarbecht am ëffentlechen Transport tëscht béide Länner sinn, dat am Kader vun der Zuel un Deplacementer u Reesender tëscht béide Länner, déi ëmmer méi klëmmt.

De Parking selwer gouf e Freideg ageweit, ass awer schonn zënter dem 2. Juni fir de Public op. Hei ginn et op 9 Stäck 721 Plazen am Ganzen, dovunner 500 fir déi Leit, déi en Abonnement bei der SNCF hunn a géif domadder direkt op déi reell Demande reagéieren.