
Den Automobilist, deen d'Police geruff huet, war zesumme mat véier Kolleegen am Auto op der K155 ënnerwee, wéi ee vun hinnen zoufälleg e Motorrad gesinn huet am Bësch leien. Si sinn doropshi stoe bliwwen an hu sech dat Ganzt méi genee ugekuckt. Nëmmen e puer Meter nieft dem Gefier hu si dunn eng blesséiert Persoun entdeckt.
De Mann war bei Bewosstsinn an huet uginn, dass hien den Dag virdrun, also samschdes géint 14 Auer mat sengem Motorrad bäigaange wier. Hien huet deemno 19 Stonne laang blesséiert an ouni Hëllef eleng am Bësch geleeën.
Éischten Informatiounen no hat den Ongléckleche wuel eng Rietskéier net richteg an Uecht geholl, koum dowéinst lénks vun der Fuerbunn of an ass an de Bësch laanscht d'Strooss geschleidert ginn. De Mann huet och ausgesot, dass an deenen 19 Stonnen, wou hien do louch, sëllege Gefierer laanschtgefuer wieren. Well d'Onglécksplaz an engem Hiwwel war, wier hie vun der Strooss aus nëmme schwéier ze gesi gewiescht. Hien hat dowéinst och immens Chance, dass ëmmerhin ee vun de Kolleegen am Won den aneren Dag moies wéinstens de Motorrad nach erkannt huet an hien doduerch fonnt gouf.
De Blesséierte koum no enger éischter medezinescher Versuergung mam Rettungshelikopter an d'Spidol an ass antëscht och net méi a Liewensgefor. Déi genee Ëmstänn vum Accident solle weider Ermëttlunge klären.