Wéinst engem Computer-Update um Stater Stellwierk
Vun e Freidegowend bis e Samschdegmoie fueren op enger Partie Tronçone keng Zich

© Domingos Oliveira / RTL Archiv
Am Kader vun enger gréisserer Upassung goufen op der Stater Gare an um Pôle d'Echange um Houwald eng Partie nei Eisebunnsinfrastrukturen installéiert.
Fir dass d'Stater Stellwierk dës ka bedéngen, gëtt tëscht e Freidegowend 22 Auer an e Samschdegmoie 4 Auer e Computer-Update gemaach. Wärend dëser Zäit fueren op folgenden Tronçone vum Schinnennetz keng Zich:
- Tëscht der Stad a Miersch
- Tëscht der Stad an Éiter
- Tëscht der Stad a Bartreng
- Tëscht der Stad a Beetebuerg
- Tësccht der Stad an Dippech-Reckeng
Wéi d'CFL an engem Schreiwes matdeelen, gëtt den Trajet op deenen Tronçone wärend dëser Zäit vu Busser assuréiert.
Am meeschte gelies