Centre pénitentiaire UerschterhaffPrisonéier schléit Giischtje mat Teller an d'Gesiicht

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Association des Agents Pénitentiaires e Mëttwoch an engem Schreiwes matdeelt, koum et am Prisong Uerschterhaff zu enger kierperlecher Aggressioun géint e Giischtjen.
© Diana Hoffmann

E Prisonéier hätt engem Giischtjen nämlech mat engem Porzeläinsteller an d'Gesiicht geschloen an am Gesiicht blesséiert. An deem Kontext ass et dann och den Appell vun der Associatioun, datt Solutioune gebraucht géinge ginn. Agente wieren ëmmer méi Risiken an hirem Alldag ausgesat, an et muss elo op déi gelauschtert ginn, déi um Terrain aktiv sinn, a wat hir Doleancë sinn.

Dës rezent Attack vun engem Detenu wier e weidere Virfall, deen d'Gewalt géif illustréieren, mat deenen d'Giischtercher am Alldag an de Prisonge konfrontéiert sinn. D'Aarbechtskonditioune géife sech verschlechteren an et misst séier massiv rekrutéiert ginn.

Liest hei d'Schreiwes vun der Giischterchersassociatioun

Back to Top
CIM LOGO