15 Méint méi spéit ewéi geplangtDen neie Minigolf an der Péitruss ass elo fir de Public op

Marlène Clement
Monique Kater
Eigentlech sollt de Minigolf an der Péitruss schonn am Abrëll zejoert opgoen. Wéinst Sécherheetsproblemer hat d'Ouverture awer misse verréckelt ginn.
15 Méint méi spéit ewéi geplangt: Neie Minigolf an der Péitruss elo op
Eigentlech sollt de Minigolf an der Péitruss schonn am Abrëll zejoert opgoen. Wéinst Sécherheetsproblemer hat d'Ouverture awer misse verréckelt ginn.

Zanter en Dënschdeg ass den neie Minigolf an der Péitruss fir de Public op. Gutt ee Joer méi spéit wéi geplangt. Eigentlech sollt en am Abrëll zejoert opgoen, fir den Optakt vun der Gaardenexpo LUGA. Well bei Aarbechten um Fiels, direkt hannert dem Minigolf, kleng Steng op de Site gefall waren, huet d’Ouverture misse reportéiert ginn. Elo ass en op, wann och nëmmen zu engem Deel.

Vun den initialement 18 Piste bleift nach d'Hallschent iwwereg. Déi aner waren ze no um Fiels. Bei déi néng fix Bunne koumen dräi mobiller dobäi, esou datt een elo op 12 Lächer kënnt. Tëscht dem Minigolf an dem Fiels gouf och een Zonk installéiert. Dat wier awer nëmme provisoresch, verséchert d'Stater Buergermeeschtesch, Lydie Polfer. Et hätt een natierlech Wëlles, dee ganze Site nach eng Kéier opzemaachen. Dofir missten awer Fileten un de Fielsen ubruecht ginn.

Ganz esou einfach ass dat awer net, well de Site Deel vum UNESCO-Weltkulturierwen ass. Déi Fileten, déi sollen ubruecht ginn, dierften de Site net "denaturéieren", gëtt d’DP-Buergermeeschtesch ze bedenken. Wann déi Filete bis installéiert sinn, soll den Zoustand vun der Fielswand och weider reegelméisseg kontrolléiert ginn. Eng 100 prozenteg Garantie, datt keng Steng méi gefall kommen, gëtt et nämlech net, esou d'Unesco-Sitemanagerin Shaaf Milani-Nia. Esou ee Fiels wier ee LiewewiesenDo wieren net nëmmen Insekten an aner Fauna dran, mee och Flora. Dat wier näischt, wat ee genau kennt an ëmmer kéint sécher sinn, wéi et sech verhält.

Bis déi definitiv Sécherheetsmesuren ëmgesat sinn, bleift et elo emol bei deenen 12 Pisten. De Gerant vum Site, Christian Blei, hëlt et sportlech. Dat Wichtegst wier, datt kengem eppes ka geschéien. Et hätt een d'lescht Joer trotzdeem och gutt geschafft an et géing ee probéieren, de Site ëmmer weider ze amelioréieren. Och d’Terrassen hätt een en attendant verschéinert. Mam Minigolf wier dat awer elo natierlech nach vill méi interessant.

D'Käschte fir dee provisoreschen Zonk leie bei ronn 80.000 Euro. Fir déi dräi mobil Bunne koumen nach eng Kéier 3.500 Euro dobäi.

Den neie Minigolf ass vun elo un all Dag op. An der Woch vu moies 10 bis owes 20 Auer a weekends vu moies 10 bis owes 22 Auer.

Back to Top
CIM LOGO