TICE deelt mat
An der Nuecht op e Sonndeg sinn déi lescht Late Night Busse gefuer

Am "Kader vun der Reorganisatioun vum ëffentlechen Transport am Süde vum Land" wäert den Tice "Late Night Bus" vum 13. Juli un net méi fueren.
De leschten Dag vum Service war an der Nuecht vun dësem Samschdeg op dëse Sonndeg. De Comité, de Büro an dat ganzt Personal vum Tice, mat deem d'Schreiwes ënnerschriwwen ass, rifft d'Leit, déi de Service genotzt hunn, op, sech no Alternativen ëmzekucken.
Dat de Service ewechfält, war scho méi laang bekannt a war am Mäerz net gutt beim Escher Gemengerot ukomm.
Am meeschte gelies