Dräi Woche keng Zich tëscht Waasserbëlleg an der Stad

© Envato Leungchopan
Vun Enn August u gëtt un dem Lëtzebuergeschen Deel vun der Zuchlinn Lëtzebuerg-Waasserbëlleg-Igel geschafft. Et wäerten awer Ersatzbusser fueren.
Wéi d'CFL matdeelen, gëtt et keen Zuchtrafic op der Linn tëscht Samschdeg dem 23. August ëm 1.30 Auer a Méindeg dem 15. September ëm 3.30 Auer.
Betraff sinn notamment déi national Zich tëscht Lëtzebuerg a Waasserbëlleg, genee esou wéi d'RB87-Zich, déi vun Trier Hbf iwwer Kreuz Konz fueren, respektiv dat vu Lëtzebuerg aus als Destinatioun hunn.
D'RE11-Zich fueren tëscht Tréier a Koblenz/Düsseldorf allerdéngs normal. Och d'RB83-Zich sinn tëscht Igel a Wittlich Hbf net vun de Maintenance-Aarbechte betraff.
D'CFL organiséiere fir déi betraffen Zuchlinn Ersatzbusser an där Zäit. Weider Informatioune fannt Dir um Site vun den CFL.