D'Gebailechkeeten am Formatiounszenter zu Zolwer goufen opgewäert, wouriwwer Camion- a Buschauffere sech freeën dierften.

Wann een zu Lëtzebuerg de Führerschäi mécht, muss een bannent zwee Joer op Colmer-Bierg an de Centre de Formation pour Conducteurs, fir eng Formatioun matzemaachen, fir ënnert anerem geféierlech Fuersituatiounen ze trainéieren. Bei de Camion- a Buschaufferen ass dat net vill anescht. Déi dierfen zwar, wa si de Führerschäin hunn, mat hirem Gefier fueren, mee dierfen ouni Formatioun net fir ee Patron schaffen. Beruffschauffere kënnen hir Formatioun zu Colmer-Bierg oder Zolwer maachen, ma zu Zolwer gouf et bis ewell just kleng Container dofir. Vu leschter Woch un, kënne si dat an engem neien, moderne Gebai maachen.

CFC - Neit Gebai zu Zolwer: E Reportage vum Chris Meisch

Fir d‘Autoschauffere bleift de Site zu Colmer-Bierg nach ëmmer déi zentral Adress. Den neie Site zu Zolwer ass also keen Ersatz, mee eng Ergänzung fir d‘Beruffsausbildung vun de Camion- a Buschaufferen. Déi konnte schonn zanter 2013 hir Formatioun hei maachen. Elo awer net méi wéi gewinnt an engem enke Container, mee an engem neie grousse Gebai, mat 7 Formatiounsraim, an engem Restaurant. De Site wier, esou den Eric Mathias, Direkter vun der Chauffeur-Formatioun, anescht wéi zu Colmer-Bierg, opgestallt.
 
"Mir hunn net all déi Equipementer wéi zu Colmer, mir hunn nach anerer, zousätzlech, speziell fir d‘Camionen. Mir sinn hei equipéiert, fir och Manöveren ze fueren, aparke mat engem Camion, mat engem Gelenkbus. A mir hunn och hei Tachygraphen, de Fahrtenschreiber an de Gefierer, fir d‘Lenk- a Rouzäiten ze schoulen, wéi déi mussen agehale ginn, wéi dat funktionéiert. Dat sinn alles Equipementer, déi mir um Site zu Colmer-Bierg net hunn.“
 
Ronn 700 nei Bus- a Camionschauffere kommen all Joer an d‘Formatioun. Virop fir d‘Buschauffere wäert an Zukunft ee Cours vu Psychologe gehale ginn, fir si drop ze virzebereeden, wéi se reagéiere sollen, wann et am Bus zu Konflikter an Aggressioune kënnt.

Den Tom Beicht, Responsabele vum Site zu Zolwer: "Eng Formation initiale dauert 4 Wochen,. Wat léieren si do, ma ganz vill, si léieren den Ëmgang mam Gefier, ze fuere, dass se scho vu wäitem Geforen erkennen, Arrimage ass ee ganz groussen Theema bei eis. Sos geet et haaptsächlech och em de Mënsch, mir hunn eng Réckeschoul, mir schwätzen iwwer Éischt Hëllef, mir schwätzen iwwer ganz vill Saachen, déi een am Fong besser huet ze wëssen, da lieft ee besser a méi laang."
 
Nieft dem Haaptgebai gëtt och nach un engem moderne Centre d‘Arrimage, fir op- an ofzelueden, an engem „Carport“ fir d‘Gefierer um Site geschafft, déi bis 2027 fäerdeg solle ginn.