Déi südlech Entrée vun Ettelbréck gëtt nei amenagéiert

© Marc Hoscheid / rtl.lu
Wien zu den Haaptstousszäiten duerch Ettelbréck fuere muss, deen huet normalerweis besser, e bëssi Gedold mat am Gepäck ze hunn.
A vum 29. September bis Mëtt nächst Joer dierft dat nach méi wéi soss gëllen. E Méindeg fänkt nämlech ee gréissere Chantier an der südlecher Entrée respektiv Sortie vun Ettelbréck un. D'Preparatiounsaarbechte goufe schonn den 20. September duerchgefouert.
Wéi et vu Ponts et chaussées op Nofro hin heescht, gëtt d'N7 op der Längt vun der Kräizung, wou et op Schieren geet, bis op d'Kräizung mat der Rue Jean-Pierre Thill op Héicht vum Centre administratif Nordstad nei amenagéiert. Dat fir d'Verkéierssituatioun an deem Beräich ze verbesseren an der Tatsaach Rechnung ze droen, datt de Centre administratif Nordstad neien Trafic unzéie wäert.

© Marc Hoscheid / rtl.lu
Am Kader vum Projet kënnt a Richtung Schieren eng zousätzlech Ofbéispuer dobäi, d'Trottoiren an déi zwee Busarrêten ginn no PMR-Standard ëmgebaut, d'Kräizung tëscht der N7 an der Rue Jean-Pierre Thill gëtt mat roude Luuchten ekipéiert an de Centre administratif Nordstad gëtt un déi existent Netzwierker ugeschloss. D'Strooss kritt zudeem een neien Tapis an esouwuel d'Beliichtung wéi och d'Siphone ginn erneiert. An da kënnt och nach ee klenge Rond-point dohin, wou d'Rue Jean-Pierre Thill an d'Ettelbrécker Zone commerciale féiert.
De Chantier huet eng Längt vun 300 Meter, wäert, wéi schonn ernimmt, vum 29. September bis Mëtt 2026 daueren an ongeféier 1,2 Milliounen Euro TTC kaschten. E gëtt an dräi Phase realiséiert, déi éischt op der N7 op der Säit vum Centre administratif Nordstad, déi zweet op der N7 op der Säit vun der Rue Jean-Pierre Thill an déi drëtt an der Rue Jean-Pierre Thill selwer.
D’Gemeng Ettelbréck wäert um Tronçon vum Chantier dann och d’Reseaue vum Kanal, vum Drénkwaasser a vum Elektreschen erneieren.

© Marc Hoscheid / rtl.lu