Zanter méi wéi 30 Joer gëtt iwwer dëse Contournement an der Brauereisstad geschwat.

Zanter dem Summer 2023 gëtt et eng nei Versioun vum Käerjenger Contournement. Dës gesäit fir, dass déi nei Strooss laanscht d'Gare vu Käerjeng/Suessem gebaut gëtt.

Op där Plaz, wou d'Ëmgeeungsstrooss soll gebaut ginn, huet awer nach eng Firma hire Sëtz. Des Entreprise huet zu Diddeleng en neien Terrain ugebuede kritt – eng Decisioun hunn déi Responsabel vun dëser Firma, mat Sëtz zu Paräis, awer nach net geholl.

"Eis Planung gesäit vir, dass mir vun zwou Säiten, dat heescht vun der N5 Richtung Eisebunn a vun der Collectrice, wou den Echangeur Hanneboesch ass, a Richtung Bobësch, wou mir déi äusserst Accèse maache fir op den Tracé", sou de Roland Fox, Direkter vun de Ponts et Chaussées, am RTL-Interview. "Dat zentraalt Stéck, wou aktuell nach eng Fabrick steet, gëtt zum Schluss gemaach."

Roland Fox
Direkter vun de Ponts et Chaussées

Déi Responsabel vun der BIGS, der Biergerinitiativ Gemeng Suessem, sinn net frou mat dësem Projet. Si géifen et besser fannen, wa méi Gewiicht op den ëffentlechen Transport géif geluecht ginn. "Et gëtt eng Natura 2000 Zon zerschnidden. Dir hutt hei op der Plaz d'Gare vu Käerjeng/Suessem. Den Zuch ass zweegleiseg. Sou wéi ech d'Pläng kennen, soll hei e Parkhaus fir 400 Autoe gebaut ginn. Domadder géif ech elo mol ufänke fir den Autostrafic an de Grëff ze kréien", sou d'Patrizia Arendt vun der BIGS.

Patrizia Arendt
Responsabel vun der Biergerinitiativ Gemeng Suessem

D’Bierger vu Käerjeng a Péiteng wieren immens frou, dass de Contournement Realitéit wäert ginn, sou de Buergermeeschter Michel Wolter am Interview: "Déi éischt Ausschreiwunge si gemaach. Mir hunn eis als Gemeng wärend 35 Joer dofir agesat. Eng Strooss, déi d'Liewensqualitéit vu mengen Awunner wäert staark verbesseren."

Michel Wolter
Buergermeeschter vu Käerjeng