An nächster Phas ginn 2.000 m3 Steng ewechgeholl a Sécherheetsnetzer gefléckt
© Domingos Oliveira
Déi ronn 1.400 Chauffer, déi d'N7 tëscht Ierpeldeng an der Buerschter Millen all Dag huelen, wësse vum Chantier laanscht en ale Steebroch e Lidd ze sangen.
Quasi a reegelméissegen Ofstänn rëtschen do Steng an d'Strooss, fir d'lescht nach Enn Abrëll.
Doduerch goufen d'Sécherheetsnetzer schro beschiedegt, sou datt opwänneg Aarbechten un der Fielsmauer néideg waren: Am Asaz waren ënnert anerem en Helikopter, aus deem Waasser erofgeschott gouf, fir weider lasse Fielsstécker aus der Mauer ze léisen an Alpinisten, déi d'Fielse manuell gebotzt hunn.
An enger weiderer Phas ginn an e puer Wochen eng 2.000 Meterkibb Steng ewechgeholl an d'Sécherheetsnetzer gi gefléckt an ersat. Aktuell ass och e Stéck Strooss tëscht Méchela an Ierpeldeng gespaart, dat awer bedéngt duerch e Chantier zu Méchela selwer.











