Däitsch A1 tëscht Kelberg an Adenau dierf erweidert ginn
Hei geet d'A1 aktuell bei Kelberg (Rheinland-Pfalz) op en Enn / © Heinz-Günter Boßmann
Den éischte ronn 10 Kilometer laangen Deel vun der däitscher A1 tëscht Kelberg an Adenau dierf engem Geriichtsurteel no offiziell erweidert ginn.
Méi genee geet et ëm den éischten Deel vun den am Ganze 25 Kilometer tëscht Kelberg an Adenau, op deenen aktuell keng Autobunn duerchféiert. Ëmweltschützer wollten d'Erweiderung vun der A1 eigentlech wéinst engem Schutzgebitt fir Villercher a well et net genuch Schutz fir d'Waasser géing ginn, verhënneren, ma d'Bundesverwaltungsgeriicht huet d'Klo vum BUND-Kreisverband Ahrweiler zréckgewisen.
Dem Bundesverwaltungsgeriicht no ass de Bau vum 10 Kilometer laangen Deel vun der Autobunn A1 tëscht Kelberg an Adenau ee "wichtegen europäeschen Infrastrukturprojet" an ass eng Mesure vun der "ëffentlecher Sécherheet". Et wier eng national an europäesch Infrastrukturinitiativ, déi Deel vum Transeuropäesche Verkéiersnetz wier an och Verdeedegungszwecker notze géing.
Wat d'Finanzéierung ugeet, stoung dës scho virun der Verhandlung. Ufank Oktober hat sech d'Regierung dorop gëeenegt, datt zousätzlech dräi Milliarden Euro fir de Bau vun Autobunnen a Bundesstroossen zur Verfügung stéingen. Och de Projet vun der Erweiderung vun der A1 kéint esou finanzéiert ginn.